De 16. Mee sinn 3 Schüler aus dem LJBM zu Iechternach ronderëm de Séi gelaf. Ënnert 835 Schüler ass de Fabio op déi ganz gutt 54. Plaz komm, de Jim, deen nach 7ième-Schüler ass, ass de gudde 74. ginn, an …
Den 13. a 15. Mee haten eis Latiniste vun de Klasse 6CL1/2/3, 5CL2, 4CL2, 3CLB an 2CLC d’Geleeënheet, op ee ganz lokalen Ausfluch ze goen an d’Geschicht vum Vicus vu Mamer-Bartreng z’entdecken. A Begleedung vum Här Ralph Letsch, Member vun …
Léif zukünfteg Studenten, d’Aschreiwunge fir eis 3 BTS-Formatioune sinn op! Villäicht fannt dir jo och an eiser Offer eng Alternativ zur Uni. Mir bidden 3 flott Studiegäng un; de BTS Building information modeling (BIM), de BTS Bâtiments et Infrastructures (BBI) …
Hei dann nach déi versprachen Informatiounen zu eiser Soirée des Anciens et Amis. Mir ginn allen Ancienen a Frënn vum LJBM Rendez-vous e Samschdeg, de 15.6., ab 19:00 Auer an eisem Festsall. Am Kader vun engem Walking Dinner wäerte sech …
Eis Klasse 7C1 a 7C2 waren zesummen am Mariendall fir eng Teambuilding-Aktivitéit. Egal op um Tandem, beim Klammen oder bei aneren Challengen – iwwerall hunn eis Schüler Kooperatioun an Teamgeescht bewisen.
E Mëttwoch war de Vernissage vun der Ausstellung « À quoi ressemblerait le musée idéal aujourd’hui ? » am MUDAM, an där eis Schüler hiren ideale Musée virstellen. Hei e puer séier Impressiounen. E Bravo geet un eis Schüler an …
Eis Proffen aus dem Makerspace hunn un der Maker Faire Luxembourg zu Rouspert deelgeholl. Do hu si och mat engem eegene Roboter an der Battle Bot Competitioun (Antweight, 150 g, just Plastik) matgemaach. Obwuel eis Ekipp just eng Këscht als …
D’Schüler vun der eiser 3CB hunn zesumme mat hirer Physik- an hirem Chimiesproff logescht Denken an Teamgeescht bewisen, andeem si d’Aufgaben an engem Escape Room souverän geléist hunn. No engem spaassege Moie goung et du weider an de Naturmusée, wou …
E Cours an der Physik, dee wäit méi “aktiv” war, wéi dat soss de Fall ass. D’Schüler vun der 3GPS2 hunn am Kader vun dem Kapitel Kinematik verschidde Forme vu Beweegungen duergestallt. Zréck am Klassesall goufen d’Videoe mat enger App …
Eis naturwëssenschaftlech Klassen 2CC, 3CC a 4G3S haten am Kader vun engem Stage écologique eng onvergiesslech Woch op der Nordseeinsel Borkum! Borkum, bekannt fir seng eenzegaarteg Ekosystemer wéi Salzwisen, Dünen an d’UNESCO- Weltnaturierfschaft Wattemier, huet eise Schüler d’Geleeënheet gebueden, d’Biodiversitéit …