Zwësche Wattwuerm, Austerefëscher a Sanddorn

Publié le 23/05/2024

Eis naturwëssenschaftlech Klassen 2CC, 3CC a 4G3S haten am Kader vun engem Stage écologique eng onvergiesslech Woch op der Nordseeinsel Borkum! Borkum, bekannt fir seng eenzegaarteg Ekosystemer wéi Salzwisen, Dünen an d’UNESCO- Weltnaturierfschaft Wattemier, huet eise Schüler d’Geleeënheet gebueden, d’Biodiversitéit an ekologesch Prozesser hautno z’erfuerschen. Um Terrain hu si Donnéeën zu Flora a Fauna gesammelt, siele Villerchersaarten observéiert an Upassunge vun den Organismen un déi extrem Liewensbedingunge vun der Küsteregioun analyséiert. Am Labo goufe Prouwen ënnersicht, fir déi chemesch a physikalesch Eegenschafte vun dem Liewensraum kennen ze léieren. Dës Erfarungen hunn de Schüler hiert Verständnis fir d’Natur verdéift. Zesumme mat den ugebuedenen Fräizäitaktivitéite wäerten eis Schüler sécher schéin Erënnerungen u Borkum behalen.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.