Visitt vum Vicus vu Mamer-Bartreng

Publié le 06/06/2024

Den 13. a 15. Mee haten eis Latiniste vun de Klasse 6CL1/2/3, 5CL2, 4CL2, 3CLB an 2CLC d’Geleeënheet, op ee ganz lokalen Ausfluch ze goen an d’Geschicht vum Vicus vu Mamer-Bartreng z’entdecken. A Begleedung vum Här Ralph Letsch, Member vun de Mamer Geschichtsfrënn (Mamer Geschicht asbl), an dem Gallo-Réimer Claudius vun Augusta Treverorum, gespillt vum Schauspiller Lex Gillen (www.kultrun.lu), sinn eis Schüler méi iwwert d’gallo-réimesch Geschicht vu Mamer an iwwert ganz kuriéis archeologesch Géigestänn (z. B. Dromedarschanken) gewuer ginn. Vivat lingua Latina!