En Donneschdeg, de 14. Dezember 2023, sinn eis 6C- an eis 5C-Klassen op Maarnech an de Cube 521 d’Theaterstéck « Un sac de billes » kucke gaang. D’Schüler haten d’Buch, dat d’Liewe vun engem jiddesche Jong am 2. Weltkrich a …
Vum 5. bis den 11. November 2023 ware 6 Schüler vu 4e (4C a 4GA3D) aus dem LJBM zu Hoogstraten an der Belsch, wou si um éischte Meeting deelgeholl hunn, deen am Kader vun eisem neien « Erasmus+ »-Projet organiséiert ginn ass. …
Zwee « Slameurs » vum Institut français du Luxembourg waren am Dezember am LJBM op Besuch. D’Schüler vun der 5e hunn an engem Workshop e Gedicht zum Theema Fridde verfaasst. Si hunn d’éischt Zongebriecher an Übunge fir d’Stëmm matgemaach, duerno …
Happy new year! Den LJBM ass och zréck aus der Vakanz a wënscht jidderengem nach nodréiglech dat Allerbescht fir 2024! Hoffentlech bréngt dat neit Joer vill Erfolleg, Gléck an eng gutt Gesondheet.
De 15. Dezember war den LJBM mat enger neier dynamescher Ekipp um Schachtournoi vum LAML. Am Asaz waren de Kemal vun der 5G1S, de Jeff an den Amil vun der 6G1S, de Jerry vun der 7G4 an de Petro vun …
Net manner wéi 5 vun eise 7e-Klassen haten d’Chance, dee leschte Schouldag virun der Chrëschtvakanz op d’Äispist zu Mamer ze goen. Dat war e schéinen Ofschloss vum Trimester fir eis Schüler a si hate vill Freed um Äis. E grousse …
De leschte Freideg a Samschdeg war an eiser Sportshal eng weider Editioun vum « Ee Kick Fir Krankheeten« , organiséiert vum Federico Colavitti, engem eemolege Schüler vum LJBM. Déi 2 Deeg hu vill futtballbegeeschtert Sportler hir Schong gestréckt a sinn an Ekippen …
De 15.12. war d’Madamm Thill, eng Märchenerzielerin, bei eis am Gebai. An der Bibliothéik huet si de 7C-Schüler Märercher iwwert Musek erzielt. D’Schüler konnten sech dank hire magesche Wierder déi verschidde Welte virstellen an d’Personnagen op hirer Rees begleeden – …



