Märercher a Musek

Publié le 21/12/2023

De 15.12. war d’Madamm Thill, eng Märchenerzielerin, bei eis am Gebai. An der Bibliothéik huet si de 7C-Schüler Märercher iwwert Musek erzielt. D’Schüler konnten sech dank hire magesche Wierder déi verschidde Welte virstellen an d’Personnagen op hirer Rees begleeden – dobäi hu si och geléiert, wat fir Wonner Musek bewierke kann. Merci fir dee schéine Moment!