Beim Tournoi inter-lycées am Volleyball fir Enseignanten, deen all Joer vum LCD organiséiert gëtt, huet eis Ekipp et fäerdeg bruecht, fir no 2019 den Titel nees mat op Mamer ze bréngen. Insgesamt waren 19 Ekippen ugetrueden. No souveräne Victoiren an …
D’Klass B1PI (1. Joer BTS professions immobilières) war uganks Dezember um Kongress IMMO am Carrousel du Louvre zu Paräis. Eis Studenten hunn do déi aktuell Tendenzen an der Immobiliëbranche gesinn an Ateliere besicht, déi spezifesch Theeme wéi Resilienz a Krisemanagement …
Den Här Neuser an den Här Hermes hu fläisseg Reklamm fir den nächste Repaircafé gemaach. Dësen ass den nächste Méindeg, 18.12., vun 10:10 bis 14:20 Auer am Makerspace (A015). Hei ginn d’Saache gefléckt a soumat Ressourcë geschount. E weidere Schratt …
E Méindeg, de 4. Dezember, kruten d’Schüler an hir Eltere wichteg Informatiounen zum Theema Studien an Aschreiwungen op den Universitéiten. Op dem neie Site www.orientation.lu fënnt ee ganz vill Renseignementer an Hëllefstellungen. An och eis Cellule d’orientation et d’intégration scolaires …
Eis 5C-Klasse hunn d’Ausstellung « The Climate Countdown – Road to 2050 » an eisem Festsall besicht. Dës Ausstellung weist déi global Ustrengungen am Kader vun der Klimakris an och d’Roll, déi Lëtzebuerg an dësem Kontext spillt. D’Klimakris ass eng vun de …
Déi 2 lescht Weekender huet den LJBM mat engem Chalet um Mamer Chrëschtmaart matgemaach. Eis Schüler hate vill flott Geschenkiddien an och deen een oder anere séisse Maufel fir d’Visiteuren.
De 24.11. hu sech d’Schüler vun de Klasse 5G1S, 4GIG, 4G3S, 4GA3D1, 4GA3D2, 3GIG, 3GA3D, 3CB, 3CC an 2CC am Festsall vum Lycée Josy Barthel versammelt a krute vum Dr. Guillaume Trap, Koordinator vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg (FJSL), …
En Donneschdeg, den 23.11., war LASEL Volleyball fir Cadets/Cadettes am AL an am LAML. Eis Ekipp ass an hirer Poule déi 2. ginn, an deemno hunn eis Schüler fir déi éischt Plaze gespillt. Um Enn ass eng 4. Plaz bei …
De Mëttwoch war de Kleesche mat villen Engelen an Housekeren bei eis am Gebai an huet d’Schüler an d’Enseignantë belount, déi sech gutt geschéckt haten. Mir wënschen alle Membere vun eiser Schoulcommunautéit an alle Frënn vum LJBM e schéine Kleeserchersdag!
D’Schüler an d’Enseignantë vun der 7C2 waren e Mëttwoch, den 22.11., net an hirem Klassesall, mee um Bauerenhaff Vosman an duerno am Mariendall beim SNJ. Wéi een op de Fotoe gesäit, hu si schnell Frëndschaft mat den Déiere geschloss an …



