E Championstitel fir den LJBM

Publié le 20/12/2023

Beim Tournoi inter-lycées am Volleyball fir Enseignanten, deen all Joer vum LCD organiséiert gëtt, huet eis Ekipp et fäerdeg bruecht, fir no 2019 den Titel nees mat op Mamer ze bréngen. Insgesamt waren 19 Ekippen ugetrueden. No souveräne Victoiren an der Virronn géint den NOSL, EPSA, LTPES an den SL goufen d’Véirelsfinall géint de LAM souwéi och d’Haleffinall géint den LMA gewonnen. An enger héichklasseger Finall konnt sech eis Ekipp schlussendlech verdéngt géint den LTETT duerchsetzen. Bravo fir dës formidabel Leeschtung!