Eis BTS-Studenten besichen d’IMMO

Publié le 20/12/2023

D’Klass B1PI (1. Joer BTS professions immobilières) war uganks Dezember um Kongress IMMO am Carrousel du Louvre zu Paräis. Eis Studenten hunn do déi aktuell Tendenzen an der Immobiliëbranche gesinn an Ateliere besicht, déi spezifesch Theeme wéi Resilienz a Krisemanagement opgegraff hunn. Och Speaker vun ausserhalb vum Immobiliësecteur, wéi d’Marie-Amélie Le Fur, paralympesch Goldgewënnerin, an de Christian Prudhomme, Direkter vum Tour de France, hunn inspiréierend Parallellen zur Immobiliëbranche gezunn. De Romain Cartier aus der Sendung « Maison à vendre » an de Loïc Cantin, Präsident vun der FNAIM, hu mat hiren Interventiounen insistéiert, datt den entscheedende Facteur fir eng Geschäftsrelatioun op laang Dauer opzebauen de kontinuéierleche mënschleche Kontakt mat de Clienten ass. E grousse Merci geet un d’Madamm Claudine Speltz an un d’Chambre immobilière du Grand Duché de Luxembourg (CIGDL) fir d’Ënnerstëtzung.

 

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.