Nächste Repaircafé am LJBM

Publié le 18/12/2023

Den Här Neuser an den Här Hermes hu fläisseg Reklamm fir den nächste Repaircafé gemaach. Dësen ass den nächste Méindeg, 18.12., vun 10:10 bis 14:20 Auer am Makerspace (A015). Hei ginn d’Saache gefléckt a soumat Ressourcë geschount. E weidere Schratt a Richtung méi Nohaltegkeet, wat eis am LJBM wierklech um Häerz läit.