Op der Äispist

Publié le 23/12/2023

Net manner wéi 5 vun eise 7e-Klassen haten d’Chance, dee leschte Schouldag virun der Chrëschtvakanz op d’Äispist zu Mamer ze goen. Dat war e schéinen Ofschloss vum Trimester fir eis Schüler a si hate vill Freed um Äis. E grousse Merci geet un d’Gemeng Mamer, déi eise Schüler dëst flott Erliefnes erméiglecht huet.