Ee Kick fir Krankheeten

Publié le 21/12/2023

De leschte Freideg a Samschdeg war an eiser Sportshal eng weider Editioun vum “Ee Kick Fir Krankheeten“, organiséiert vum Federico Colavitti, engem eemolege Schüler vum LJBM. Déi 2 Deeg hu vill futtballbegeeschtert Sportler hir Schong gestréckt a sinn an Ekippen géinteneen ugetrueden, dat Ganzt am Kader vum Téléthon.
Den Här Wiseler, President vun der Chamber an éischte Bierger vum Land, huet och matgespillt, et war also Prominenz vertrueden. Ugefeiert gouf hien net nëmme vun der Madamm Wiseler-Lima, Europadeputéiert, – och den Här Feller, Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer, den Här Buchette, 2. Schäffe vu Mamer, den Här Christnach, Direkter vum Lycée Josy Barthel, an d’Madamm Frank, Gemengeconseillère a Presidentin vum Elterecomité vum LJBM, hunn d’Sportler bei hirem Asaz ënnerstëtzt. E super Event fir e gudden Zweck!

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes