Ausfluch vun de 6C- a 5C Klassen op Maarnech an op Klierf

Publié le 23/01/2024

En Donneschdeg, de 14. Dezember 2023, sinn eis 6C- an eis 5C-Klassen op Maarnech an de Cube 521 d’Theaterstéck « Un sac de billes » kucke gaang. D’Schüler haten d’Buch, dat d’Liewe vun engem jiddesche Jong am 2. Weltkrich a Frankräich erzielt, an der Klass gelies. Souwuel d’Schüler wéi och d’Enseignantë waren impressionéiert vun der Leeschtung vum Schauspiller, dee ganz eleng op der Bün war an an d’Roll vun deene verschiddene Personnagë geklomm ass. Als Requisiten hat hie just eng ganz Rei Wallissen, déi hien esou arrangéiert huet, dass si ee Coiffeursstull, eng Zuchbänk oder de Bürosdësch vun den Nazi duergestallt hunn. No der Visitt am Theater goung et virun op Klierf, wou all Klass un enger anerer Visitt deelgeholl huet. Um Programm stoungen d’Ausstellung Family of man, d’Visitt vu Klierf als Cité de l’image, d’Ardennenoffensiv an d’Abtei.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes