Schach-Champion

Publié le 23/12/2023

De 15. Dezember war den LJBM mat enger neier dynamescher Ekipp um Schachtournoi vum LAML. Am Asaz waren de Kemal vun der 5G1S, de Jeff an den Amil vun der 6G1S, de Jerry vun der 7G4 an de Petro vun der ACCU1. De Kemal huet den Tournoi gewonnen! Dës 1. Plaz ass eng Première an der Geschicht vum LJBM. Mee och all déi aner hunn hiert Bescht ginn a jiddereen huet op d’mannst eemol gewonnen. Am Ekippeklassement ass dunn eng 13. Plaz vun 18. erauskomm. Felicitatioun un eis Schüler an e Merci un hire Coach, den Här Felten!