Back
09 juin

Visitt bei RTL

Enn Mäerz hunn eis Schüler vun de Klassen 2GIG an 2GA3D hannert d’Kulisse vum Lëtzebuerger Radio- an Televisounsbetrib gekuckt. Si duerften an déi verschidde Studioen eraluussen a konnten dobäi och e Bléck op déi opwenneg Liicht- an Tountechnik werfen. Vum …

09 juin

Championnat an der Gymnastique artistique

An nach eng sportlech Aktivitéit war en Donneschdeg, den 21.3., am Kader vun der Lasel; nämlech de Championnat an der Gymnastique artistique fir non-affilié(e)s, deen am LTL zu Esch-Lalleng stattfonnt huet. 2 Schülerinnen aus dem LJBM waren ageschriwwen an hu …

09 juin

Grouss Mountainbike-Randonnée vun der LASEL

Den 21.3. huet zu Mamer eng grouss Mountainbike-Randonnée mat ronn 100 Schüler aus verschiddene Lycéeë stattfonnt. Den LJBM war mat 19 Schüler ganz staark vertrueden. Eis Sportler hunn alleguer bei schéinem Wieder e flotten Nomëtten um Vëlo verbruecht.  

09 juin

Ouschterlaf am LJBM

Och dëst Joer gouf am LJBM den traditionellen Ouschterlaf fir all eis 7e-Schüler organiséiert, bei deem si 30 Minutte fir e gudden Zweck gelaf sinn. Den Erléis gëtt dëst Joer un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent. All de Schüler, déi gelaf …

09 juin

Mam Vëlo op de Reebierg

Eis 2GIG an eis 2GA3D ware mat hiren Enseignanten, der Madamm Dohn, dem Här Majerus, dem Här Dondelinger, dem Här Hermes an dem Här Sabus vu Mamer aus op de Reebierg. Well den LJBM an de Reebierg mat enger Vëlospiste …

09 juin

Bamveredelung am Bio-TP

D’Schüler vun eiser Klass 3GPS2 hunn an hirem leschte Biologie-TP virum obligatoresche Stage zesumme mat hire Biologiesenseignante Madamm Krier an Här Krischler geléiert, wéi ee Beem richteg veredelt. Si hunn an dësem TP déi 3 Veredelungstechniken („Okulation“, „Kopulation“ a „Propfen“) …

09 juin

Slamatelier fir zwou 5G-Klassen

Den 22. Mäerz hunn d’Schüler vun der 5G2 an der 5G3 wärend dem Franséischcours un engem Slamatelier deelgeholl. Nodeems e puer Schüler am Ufank nach e bësse schei waren, hu si duerno awer alleguer ganz schéi Gedichter op Franséisch geschriwwen, …

09 juin

1. Plaz an der European Statistics Competition

De Misael, den Damien an den Nathan aus eiser 1CB hu sech als Team _Algebros_ no enger 2. Plaz am leschte Concours dëst Joer déi 1. Plaz erkämpft an déi national Phas vun der European Statistics Competition an hirer Alterskategorie …

09 juin

Eis 3C-Klassen an den Theater

Den 21.3. sinn d’Schüler vun de Klassen 3C-URBS, 3C-COMED, 3CB an 3CC mat der Madamm Carixas an der Madamm Gonçalves, hire Franséisch-Enseignanteën, an de Kinneksbond d’Theaterstéck Dom Juan vum Molière kucke gaange. D’Pièce war modern an d’Schüler ware frou, och …

09 juin

Fläschenzich an der Physik

Eis Schüler vun der 4G3S a 4GIG hunn an de leschte Wochen an der Physik d’Theema vun den einfache Maschinnen duerchgeholl. Am leschten TP hu si d’Fläschenzich méi genau ënnersicht an erausfonnt, datt et engem mat esou enger Maschinn méi …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade