Mam Vëlo op de Reebierg

Publié le 29/03/2024

Eis 2GIG an eis 2GA3D ware mat hiren Enseignanten, der Madamm Dohn, dem Här Majerus, dem Här Dondelinger, dem Här Hermes an dem Här Sabus vu Mamer aus op de Reebierg. Well den LJBM an de Reebierg mat enger Vëlospiste verbonne sinn an eise Lycée iwwer 30 Vëloen zur Verfügung huet, goufen dës benotzt, fir op d’Visitt ze fueren. Moies sinn d’Schüler an d’Enseignanten am Niwwel gestart, mee soubal si beim Wandrad ukoumen, huet d’Sonn ugefaang sech duerchzedrécken. Bei der Visitt vum Wandrad gouf erkläert, wéi e Wandrad opgebaut ass, wéi eng Geneemegunge gebraucht ginn a wat mam Material geschitt, wann d’Wandrad net méi gebraucht gëtt. Beandrockend war, dass eleng den Tuerm schonn 2000 Tonne weit. Dono goung de Wee viru bei den Drénkwaasserreservoir um Reebierg. Dëse Reservoir ass nom Stauséi dee gréissten Drénkwaasserspäicher am Land a speist de ganze Minett. Hei gouf et en Abléck an d’Waasseropbereedung, d’Schutzzone ronderëm d’Quellen an d’Qualitéitskontrollen. Zum Schluss vun der Visitt kruten d’Schüler an Enseignanten eng impressionant Vue vu ganz uewen iwwert e groussen Deel vun eisem Ländchen. Bei beschtem Wieder si se du mam Vëlo zeréck an de Lycée gefuer. Eng Visitt ganz nom Motto: “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.” E Merci geet u Soler an d’SES fir déi interessant Visitten.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes