Visitt bei RTL

Publié le 18/04/2024

Enn Mäerz hunn eis Schüler vun de Klassen 2GIG an 2GA3D hannert d’Kulisse vum Lëtzebuerger Radio- an Televisounsbetrib gekuckt. Si duerften an déi verschidde Studioen eraluussen a konnten dobäi och e Bléck op déi opwenneg Liicht- an Tountechnik werfen. Vum Radioanimateur Charel Dormans goufen se onerwaart a seng Sendung „Gudde Moien“ invitéiert, wat deem engen oder aneren eng ganz besonnesch Freed gemaach huet. Um Enn vun der Visitt gouf et dunn erëm méi eescht. Et stoung eng Entrevue mat der Madamm Caroline Mart un, déi hinne Ried an Äntwert op eng sëlleg Froen zur Produktioun vun der Sendung « Kloertext » gestanen huet. Et war eng immens flott Erfarung fir d‘Schüler a fir d‘Léierpersonal.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.