Back

There are no available posts!

De Kleeschen op Besuch am LJBM

07/12/2022

De Kleeschen a seng Geselle waren haut op Besuch am LJBM. Si hunn e flotten Tour duerch d’Klasse gemaach, fir Stëmmung gesuergt, a sinn och an der Konferenz a beim Direkter passéiert.  

7P-Schüler um Bauerenhaff

06/12/2022

Eis 7P-Schüler hunn am November eng Sortie op de Bauerenhaff an de Mariendall gemaach. Do hu si gewise kritt, wéi den Haff sou funktionéiert, an hu gehollef sech ëm d’Déieren ze këmmeren. Duerno hu si gesinn, wéi ee Botter, Kéis, …

B1BIM-Klass op Besuch bei der BIM World Munich #BIMuc22

05/12/2022

D’B1BIM-Klass aus dem LJBM huet d’lescht Woch un der BIM World Munich (#BIMuc22) zu München deelgeholl. D’BIM World ass eng Expo fir d’Acteure vun der Digitaliséierung aus dem Bau- an Immobiliesecteur. D’Studente vun der BTS-Klass vum « Building Information Modeling » konnte …

Volleyball-Championnat vun der LASEL

05/12/2022

En Donneschdeg, de 24.11., war den LJBM um Volleyball-Championnat vun der LASEL bei de Cadet(te)s vertrueden. Et ware flott Matcher, mee leider ass et fir eis Ekipp net duergaangen, fir sech fir d’Finallen ze qualifizéieren – eis Géigner waren deen …

Den LJBM op de Researchers’ Days

05/12/2022

E Freideg, de 25.11., sinn eis nei Scientifique-Klassen aus dem Cycle inférieur 7GS, 6GS a 5GS zesumme mat eise wëssenschaftleche Klassen aus dem Cycle supérieur vum Enseignement général a classique 3GIG, 2GIG an 3CC/CB op d’Researchers’ Days an d’Rockhal gefuer. …

Kichenatelier – ACCU

01/12/2022

De leschte Freideg hunn eis ACCU-Schüler e kulinaresche Klassiker kennegeléiert: Gromperekichelcher mat Äppelkompott!

DemokraCity

29/11/2022

Wat ass Demokratie? Wéi eng Roll spille mir an deem System? Den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) huet mat de 5P-Klassen en Atelier zu dësem Thema duerchgefouert. Dobäi hunn d’Schüler hir eege Parteie gegrënnt an hir politesch Interessen duergestallt an …

Option Makerspace 7C

29/11/2022

Ob an der Mëttespaus oder doheem mat der Famill a Kolleegen; mat engem Brietspill huet een iwwerall seng Freed! D’Schüler vun der 7C3 hunn sech dofir an der Optioun „Makerspace“ mat modernen Techniken ausernee gesat a klassesch Brietspiller hiergestallt! Si …

LJBM zu Auschwitz 2022

25/11/2022

Dëst Joer haten erëm 10 Schüler aus dem LJBM d’Geleeënheet op Auschwitz ze reesen an déi däischter Zäite vun eiser Geschicht z’ënnersichen. 4 ganzer Deeg ware si op der Plaz an hu sech intensiv mam Thema auserneegesat, an dat unhand …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade