De 25. Oktober huet d’Mme Natalie Gerhardstein, eng Journalistin, déi beim engleschsproochege Magazin Delano schafft, de Schüler vun eiser 3CC hir Froen iwwert de Journalismus beäntwert. Dës Visitt stoung am Kontext vun engem Projet am Engleschen, an deem d’Schüler en …
D’ 7ème Klasse vun der Voie de préparation waren 2 Deeg op Huelmes, wou si als Klass zesumme gewuess sinn. Bei herrlechem Oktoberwierder goufe si den 2. Dag vun de Schüler vun eisen 2 CIP Klassen encadréiert, déi zesumme mat …
D’1re- an 2e-Klasse vum LJBM haten en Donneschdeg, de 27.10., d’Geleeënheet déi traditionell Studentefoire um Campus Belval ze besichen. Hei konnten d’Schüler sech op den 170 Stänn informéieren a sech d’Fro stellen, wéi et dono weidergeet. Studéieren oder direkt schaffe …
Beim Futsal-Turnéier vun der LASEL, deen de 27. Oktober an eiser Sportshal gespillt ginn ass, huet eis Ekipp vum LJBM et op déi gutt 3. Plaz ënnert 5 Ekippen gepackt. Merci fir ären Asaz an är gutt Leeschtung!
D’Schüler vun der 5P1 a 5P2 haten d’Chance bei engem flotte Workshop vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) matzemaachen. Hiert multiperspektivescht Denken ass gutt gefuerdert ginn.
Den 21. Oktober sinn d’Klassen 2CC an 2CG mat hiren Däitschproffen op d’Frankfurter Buchmesse gefuer. D’Schüler kruten e flotten Abléck an déi aktuell Bicherwelt ewéi an d’Publishing Branche a si mat neien Impressiounen erëmkomm.
Den 20. Oktober war de Bike Day vun der LASEL zu Zéisseng am Bike Park. 🚵♂️ Fir den LJBM mat dobäi waren de Len, de Maxime an den Tom. Op am Ganzen 11 verschiddene Statiounen hate si grousse Spaass an …
E Mëttwoch, den 19.10., waren 2e- an 3e-Schüler aus der Optioun “Life Science” zu Marteleng. Si hunn d’Geologie vum Norden hautno kennegeléiert a krute Begrëffer wéi Schiste, Schistosité, “Couteau” oder Charriage, Sedimentatioun a Stratificatioun konkret erkläert a gewisen. D’Schüler konnten …
Leschten Donneschdeg hunn d’Meedercher aus dem LJBM am Kader vun der Lasel un engem Futsal-Championnat deelgeholl. Enner 4 Lycéeën huet eis jonk Ekipp aus dem LJBM et op déi 3. Plaz gepackt, punktgläich mam Lycée Ermesinde vu Miersch. Et ass …