Leschten Donneschdeg hunn d’Meedercher aus dem LJBM am Kader vun der Lasel un engem Futsal-Championnat deelgeholl. Enner 4 Lycéeën huet eis jonk Ekipp aus dem LJBM et op déi 3. Plaz gepackt, punktgläich mam Lycée Ermesinde vu Miersch. Et ass leider net duergaangen, fir sech fir d’Finalronn ze qualifizéieren. Weider Géigner waren den Atert-Lycée vu Réiden an de Sportslycée.