Studentefoire 2022

Publié le 10/11/2022
D’1re- an 2e-Klasse vum LJBM haten en Donneschdeg, de 27.10., d’Geleeënheet déi traditionell Studentefoire um Campus Belval ze besichen. Hei konnten d’Schüler sech op den 170 Stänn informéieren a sech d’Fro stellen, wéi et dono weidergeet. Studéieren oder direkt schaffe goen? Zu Lëtzebuerg oder am Ausland? Universitéit oder Héichschoul?
Bis den 28. Dezember bleift de virtuellen Deel vun der Foire disponibel op www.studentefoire.lu. E Merci och un eis Leit, déi um Stand vum LJBM Ried an Äntwert stoungen.