Back

There are no available posts!

Ausfluch an d’Stad an an de Musée

D’7G4 huet de 16.12.2022 am Kader vun de Sciences sociales a bei äisegen Temperaturen en Ausfluch an d’Stad gemaach. Gestart sinn d’Schüler moies mat engem Rallye, bei deem si sech hu missten op d’Landkaart an de Kompass verloossen. A Gruppen …

Zesummen an den Kino

Als kleng Belounung um Schluss vum 1. Trimester sinn all d’7C-, d’6C-Klassen an d’6G4 de leschte Schouldag, 20.12.22, op de Kierchbierg an de Kino gefuer, fir de Film « Avalonia, un étrange voyage (Strange World) » zesummen ze kucken.

Visitt an de « Benu Village Esch »

En Dënschdeg, den 22.11., hunn d’Schüler vun der Klass 1TPGC1 eng Visitt an de « Benu Village Esch » gemaach. Hei hu si d’Grondgedanke vun dësem Projet erkläert kritt; en Ekoduerf no de Reegele vun der « économie circulaire », dat eng Plattform soll …

Eis Scientifique-Klassen am Science Center

E Méindeg, den 12.12., sinn eis Scientifique-Klasse 7G1S a 6G1S an de Luxembourg Science Center op Déifferdeng gefuer. D’Schüler konnten hei als éischt di verschidden Ateliere selwer aktiv entdecken an ausprobéieren. Si hunn ënnert anerem en Auto opgehoff 💪, eng …

5P AD an CIP op besuch beim CIPA Mamer

Eng interessant Visite d’entreprise hunn d’Schüler aus de 5P-, 5AD- a CIP-Klassen am CIPA zu Mamer ënnerholl. Heibäi konnten déi Jonk, déi sech fir Beruffer aus dem Beräich vun der Fleeg begeeschteren, hir Froe stellen an eng Stageplaz sichen.

Den LJBM um Mamer Chrëschtmaart

Eise Lycée ass och dëst Joer erëm um Mamer Chrëschtmaart mat engem flotte Chalet vertrueden. Hei gëtt et eng lecker Schockelasfondue oder schéi kleng Geschenkiddien. Wien d’Chance bis elo verpasst huet, kann nach e Samschdeg vun 12:00 bis 20:00 Auer …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade