Plaquette fir de Projet d’établissement “Digital Kompetenze fir d’Liewen (DKL)”

Publié le 21/12/2022

De leschte Mëttwoch hunn den Här Weber, Chef vum Projet d’établissement, an den Här Gleis, Directeur adjoint vum LJBM, d’Plaquette fir den am Juli 2022 ausgelafene Projet d’établissement “Digital Kompetenze fir d’Liewen (DKL)” entgéintgeholl. En décke Merci geet eraus un de Centre de Coordination des Projets d’établissements (CCPé) fir déi grouss Ënnerstëtzung, un eis Partnerschoul LAM – Lycée des Arts et Métiers (LAM), un de Centre de gestion informatique de l’éducation – CGIE an un all déi extern Partner, déi eis an de leschte Joren bei der Ëmsetzung vun dësem grousse Projet zur Hand gaange sinn. An natierlech wiere mir ouni eis vill engagéiert Enseignanten net virukomm, déi mat de Schüler zesummen d’Rees an d’Digitaliséierung ugetrueden hunn. 🙏😃😊