3 Schüler aus dem LJBM waren den 12.10. beim Axxess-Cross am Asaz. Bei de Cadeten ass de Francisco de 47. vun 58 Leefer ginn, den Nathan ass bei de Junioren/Senioren exzellente 4. ënnert 72 Starter ginn. An där selwechter Course …
D’Schüler vun eiser 1C-URBS hunn als Haaptfach Architektur an Urbanismus. Fir hiren Exame weider beschtens ze preparéieren, huet d’Klass de 17. Oktober owes d’Konferenz « Quelle ville pour demain ? » am Lycée Vauban besicht. Déi franséisch Architektin Anne Vial …
D’lescht Woch waren all d’Chimiesprofesseren aus dem LJBM an eng Formatioun vum Prof. Dr. Mathias Ducci, fir nei Unterrechtsmethoden an der Chimie kennen ze léieren. Eis Schüler kënnen sech also op nach méi flott a spektakulär Versich an Zukunft freeën. …
De 6. Oktober war d’Klass DC3DB op en Ausfluch an de Schifermusée zu Uewermaartel. Wärend der Féierung kruten d’Schüler een ëmfaassenden Abléck an d’Geschicht vum Schifer, déi ganz gutt erhale Schiferindustrieanlag an déi schwéier Aarbecht vun de Biergaarbechter, déi fréier …
E Méindeg gouf et fir eis 2e- a 1re-Schüler e politesche Speeddating mat Kandidaten aus 6 Parteien. 6 Kandidaten hunn sech an engem lockere Kader de Froe vun eise Schüler gestallt. En vue vun den Nationalwalen den 8. Oktober konnten …
De leschten Donneschdeg, 26.9., haten d’Gewënner vum Concours “Astronaut for a day”, organiséiert vun der Luxembourg Space Agency, déi grouss Éier, un engem 0 G-Fluch deelzehuelen. D’Participanten, dorënner mam Samuel Thommes an dem Misael Ramos 2 Schüler aus dem LJBM, …
Och d’5P1 huet de leschten Donneschdeg, den 28. September, ee ganz flotten Dag am Naturschutzzentrum « Mirador » zu Stengefort verbruecht. D’Thema vun hirer Aktivitéit war « Survival », an et goung e. a. dorëm, Champignonen a Kraider z’erfuerschen. Nodeems d’Schüler fläisseg eng Rei …
E Freideg, den 29. September, waren d’Klassen 3GIG an 3CBC mat hire Physiks- a Chemiesproffen op d’ »Luxembourg International Science Expo ». Op iwwer 50 verschiddene Stänn konnten eis Schüler sech Fuerschungsprojete vun anere Schüler, Studenten a Wëssenschaftler ukucken a mat hinnen …
D’5P2 huet en Donneschdeg, den 28. September, ee ganz opreegenden Dag am Naturschutzzentrum « Mirador » zu Stengefort verbruecht. Wärend engem laange Spadséiergang duerch de Bësch goufen erausfuerderend Teambuilding-Aktivitéiten duerchgefouert, woubäi déi Jonk geléiert hunn, méi effektiv zesummen ze schaffen. …



