Back
13 juin

Teambuilding 6G zu Lëltz

Am Kader vun eisem Projet d’établissement « Eis Schoul – een Team » hunn eis 6G-Klasse dëse Méindeg en Teambuilding-Dag zu Lëlz gehat, wou eis Schüler mat hiren Enseignantë bei guddem summerleche Wieder eng Rei Aktivitéiten um Waasser gemaach hunn.

13 juin

Message TdL

Wéinst dem Passage vum Tour de Luxembourg virun eisem Lycée en Donneschdegmëtteg ass d’Schoul dësen Donneschdeg, den 21. September, schonn um 11:50 Auer eriwwer; den Depart vun de Schoulbusser ass fir 12:00 Auer virgesinn.

13 juin

Ausfluch an d’Adventure Valley

Als Ofschloss vum Schouljoer huet d’Optioun Sport en Ausfluch an d’Adventure Valley Durbuy an der Belsch gemaach. Mat flotten Outdooraktivitéiten wéi Héichseelgaart, Kayak, Spéleo an Tubing goungen déi 2 Deeg séier iwwert d’Bün. Doniewent hunn d’Schüler vun der Schwämm an …

13 juin

D’5C1 am Escape Room

D’5C1 gouf de leschte Schouldag agespaart! D’Schüler hu sech misse kniwwelegen Aufgabe stellen, fir aus den Escape Rooms vum Crocus Quest rauszekommen. Wärend déi eng d’Welt virun der Terrorherrschaft vum Sauron rette missten, sinn déi aner, wéi an der Casa …

13 juin

Präisser vu Pro Latinitate

Den 3. Juli huet d’Associatioun « Pro Latinitate » am Stater Kolléisch déi bescht Latinisten aus dem ganze Land op hir alljärlech Präisiwwerreechung agelueden. Den LJBM wor mat enger Delegatioun vun 6 Schüler vertrueden, déi hire verdéngte Präis a Begleedung vum Här …

13 juin

Diplomiwwerreechung 2023

De leschte Freideg war d’Diplomiwwerreechung bei eis am LJBM. Wéi esou oft hunn eis Schüler och dëst Joer erëm fantastesch Resultater an hiren Ofschlossexamen erreecht – e. a. 6x excellent, 11x très bien, 39x bien, 6x assez bien. D’Schüler, d’Elteren …

13 juin

Projet Solarauto 3CG

An de leschte Wochen huet d’3C-URBS/COMED mat hirem Enseignant, dem Här Schmit, e Solarauto gebastelt. D’Zil war erauszefannen, wien herno am séiersten iwwert de Gank fuere kann. Hei e puer Impressiounen.  

13 juin

BTS B2PI besichen d’Europäesch Parlament

De 14. Juni haten d’Studente vum BTS B2PI d’Geleeënheet, d’Europäescht Parlament zu Bréissel ze besichen. Den Dag huet ugefaange mat enger Visitt am Parlamentarium an engem uschléissenden Empfang vum Marc Angel, Vizepresident vum Europäesche Parlament. De Marc Angel huet de …

13 juin

Klasserees vun der 4C1 op München

Réckbléck: Vum 5.6 bis den 8.6. waren d‘Schüler vun der 4C1 op enger Klasserees zu München. Um Programm stungen eng Rei vun Aktivitéiten, wéi z. B. eng Visitt vum « Deutsches Museum », eng Visitt vun der Bavaria Filmstadt, an där d‘Schüler …

13 juin

Ofschloss Weltraum AG

Bei der leschter Seance vun der « Weltraum AG » hunn d’Schüler hir selwer gebaute Waasserrakéit gestart, wat deelweis fir eng agreabel Ofkillung gesuergt huet. D’Ofschossramp fir d’Rakéit haten d’Schüler och selwer gebaut. Duerno hu si dann nach d’Rakéit mat deenen am …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade