Konferenz « Quelle ville pour demain ? »

Publié le 23/10/2023

D’Schüler vun eiser 1C-URBS hunn als Haaptfach Architektur an Urbanismus. Fir hiren Exame weider beschtens ze preparéieren, huet d’Klass de 17. Oktober owes d’Konferenz « Quelle ville pour demain ? » am Lycée Vauban besicht. Déi franséisch Architektin Anne Vial an den Ingenieur François Pierron hunn nohaltegen Urbanismus a Raumplanung präsentéiert. Et goung dobäi virun allem dorëm z’analyséieren, wéi ee bei Theeme wéi dem Logement an der Mobilitéit eis CO2-Bilanz verbessere kann.