E Freideg, den 13.10., war e besonneschen Dag fir eis Studenten, déi hir BTS-Formatioun ofgeschloss hunn. Hir Diplomiwwerreechung huet an der Maison du Savoir um Belval stattfonnt. Et war e spezielle Moment, an deem all déi Studente gefeiert goufen, déi …
De 26.10. hu verschidde vun eisen Enseignanten ënnert der Leedung vun der Madamm Neises eng flott guidéiert Visitt vun der Stad Lëtzebuerg gemaach. Ugefaang hu si um Knuedler, wou si villes iwwert d’Stad an hir Perséinlechkeete gewuer goufen. Dono ass …
2 Joer hunn d´Schüler aus der 1CC, 2CC an 1C-URBS dru geschafft, fir dem Panneau vum LJBM ee wierdegen Encadrement ze bauen. D´Optik vum Encadrement ass der Architektur vum Lycéesgebai ugepasst an um Daach vun der Konstruktioun sinn 2 Solarplacken, …
Vum 28. bis den 30. September waren Enseignanten aus eise Partnerschoulen vun Hoogstraten (B), Neufahrn (D) a Baza (E) bei eis op Besuch, fir een neien « Erasmus+ »-Projet auszeschaffen, dee finanziell ënnerstëtzt gëtt am Kader vum « Erasmus+ »-Programm vun der europäescher Unioun. …
D‘Klass 1TPGC2 huet dee grousse Chantier hannert dem LJBM besicht. Hei ginn an engem vum Fonds de Logement ënnerstëtzte Projet 224 Wunnenge gebaut. Eis Schüler konnte bei dëser Visitt vill Spannendes gesinn, wéi z. B. déi ganz Infrastrukture vum Projet, …
De 26. Oktober war de Bike Day vun der LASEL zu Zéisseng am Bike Park. 156 Sportler hunn hei matgemaach, dorënner waren och 9 Schüler aus dem LJBM. Bei Reen a Bulli hate si op am Ganzen 12 verschiddene Statioune …
Och eis 7P1-Schüler haten sech mam Sujet Halloween beschäftegt a schécken e Bonjour aus dem Kichenatelier!
D’lescht Schouljoer huet den LJBM zwee erfollegräich Repair Caféen organiséiert. Bei engem Repair Café geet et dorëms, futtis Objeten (z. B. kleng Elektrogeräter, Kleeder, Computeren, Spillsaachen etc.) ze flécken a weiderzebenotzen, statt se ewechzegeheien. Sou droen d’Schüler zum Ëmweltschutz bei, …
Den 19.10. hunn eng Partie Schüler aus dem LJBM mat vill Erfolleg zu Réiden um Championnat am Cross-Duathlon deelgeholl. Bei den affiliéierte Minimes ass de Maurice den 8. ginn an de Felix huet als 4. de Podium knapp verpasst. Bei …
Am Makerspace war ëm Halloween eng méi lass! Vu Kürbisschnëtzen bis 3D-Zeechnen: D’Schüler aus der Activité parascolaire an der Optioun Makerspace hunn ënnerschiddlech Weeër fonnt, sech kreativ auszedrécken. D’Ekipp vum Makerspace seet Merci fir déi flott Aarbechten an hofft, datt …



