Neien « Erasmus+ »-Projet

Publié le 15/11/2023

Vum 28. bis den 30. September waren Enseignanten aus eise Partnerschoulen vun Hoogstraten (B), Neufahrn (D) a Baza (E) bei eis op Besuch, fir een neien « Erasmus+ »-Projet auszeschaffen, dee finanziell ënnerstëtzt gëtt am Kader vum « Erasmus+ »-Programm vun der europäescher Unioun. Et gouf 3 Deeg laang intensiv geschafft, an eisen neien « Erasmus+ »-Projet mam Titel „Cultural foodprints – Searching for cultural traces of migration“ war prett. Mir freeën eis op déi nächst 2 Joer, wärend deenen eng Rei vun eise Schüler d’Méiglechkeet wäerte kréien, fir un engem « Erasmus+ »-Schüleraustausch deelzehuelen, an zesumme mat Schüler aus eise Partnerschoulen op d’Sich ze goen no de Spueren, déi d’Migratioun an eise Kulturen – a virun allem och an eiser Iesskultur – hannerlooss huet.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.