Repair Caféen am LJBM

Publié le 10/11/2023

D’lescht Schouljoer huet den LJBM zwee erfollegräich Repair Caféen organiséiert. Bei engem Repair Café geet et dorëms, futtis Objeten (z. B. kleng Elektrogeräter, Kleeder, Computeren, Spillsaachen etc.) ze flécken a weiderzebenotzen, statt se ewechzegeheien. Sou droen d’Schüler zum Ëmweltschutz bei, léieren nei Kompetenzen a léieren och aner Leit kenne wéi an hirem normale Schoulalldag. Et gëtt och dëst Joer erëm zum Schluss vun all Trimester déi „grouss“ Repair Caféë vun 10:10 bis 14:20 Auer am Makerspace (A015): 18.12., 25.3., 8.7. Save the dates! De Projet gëtt awer och erweidert: Nieft dëse „groussen“ Repair Caféen gëtt et och „kleng“ Repair Caféen, wou d’Schüler oder d‘Personal, déi en Objet wëlle flécken, kënne laanschtkommen. Déi sinn all zweete Méindeg vun 11:50 bis 12:40 Auer och am Makerspace. Falls dir also Saachen doheem hutt, déi gefléckt solle ginn, mellt iech iwwert www.edulink.lu/j8ml un! 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.