Visitt vun der Stad

Publié le 20/11/2023

De 26.10. hu verschidde vun eisen Enseignanten ënnert der Leedung vun der Madamm Neises eng flott guidéiert Visitt vun der Stad Lëtzebuerg gemaach. Ugefaang hu si um Knuedler, wou si villes iwwert d’Stad an hir Perséinlechkeete gewuer goufen. Dono ass et weidergaangen a Richtung Wëllem, Palais a Chamber, wou eis Leit eng ganz Rei Fakten zu der politescher Entwécklung vum Land an och Anekdoten (Firwat gëtt et an der Chamber Rideauen?) héieren hunn. Vun do aus si se bei den Ursprong vun eisem Ländchen, de Bockfiels, gaangen. Hei krute si méi iwwert d’Festung, de Gronn an déi verschidde Friemherrschaften gezielt. No engem klenge Spadséiergang iwwert d’Corniche an engem kuerze Stopp am MNHA ass et du bei d’Gëlle Fra gaangen. Als Ofschloss gouf et en Iessen am Bazaar. D’Asbl seet der Madamm Neises villmools Merci fir déi flott Visitt!

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.