E flotte Kader fir de Panneau vum LJBM

Publié le 17/11/2023

2 Joer hunn d´Schüler aus der 1CC, 2CC an 1C-URBS dru geschafft, fir dem Panneau vum LJBM ee wierdegen Encadrement ze bauen. D´Optik vum Encadrement ass der Architektur vum Lycéesgebai ugepasst an um Daach vun der Konstruktioun sinn 2 Solarplacken, déi genuch Stroum produzéieren, fir eng déck Batterie ze versuergen. Mat deem Stroum gëtt eng 1,5 Volt-Funkauer a 6 LED-Spotten alimentéiert. Eng Zäitschaltauer suergt dofir, datt d’Spotten zu enger bestëmmten Zäit un- respektiv ausginn, an een Dimmerschalter reegelt, wann et ze däischter oder ze hell ass, fir net onnéideg Stroum ze verbrauchen. Ee Stroumreegeler an een Transformator suergen dann nach dofir, déi ganz Elektronik optimal mat der richteger Stroumspannung ze versuergen. Dës ganz Technik sëtzt uewen am Korpus an et war eng Erausfuerderung, déi gesamt Konstruktioun op just 2 Inox-Pottoe fest ze kréien. D´Resultat kann sech weise loossen! E grousse Merci un all d´Schüler fir hiren Asaz, an e besonnesche Merci un den Här De Vos, deen d’Reegeltechnik besuergt an installéiert huet.

 

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.