De Kulturrallye huet de Schüler aus der 6P1 erméiglecht, an der Cinémathèque e Bléck hannert d’Kulissen ze werfen an sou d’Technik vun der Filmgeschicht besser kennenzeléieren. Zum Schluss konnten déi Jonk un der Projektioun vum Stommfilm ‘One Week’ vum Buster …
De leschte Freideg war um EduPôle zu Walfer d’Präisiwwerreechung vun der 4. Editioun vun der Lëtzebuerger Philosophieolympiad, bei där 2 vun eise Schüler eng Auszeechnung fir hir aussergewéinlech Leeschtung kruten: D’Alessia Bingen vun der 1CG COMED krut eng “Mention honorable” …
Den 8. Mäerz waren d’Schüler vun der 1CC an 2CC zesummen um Belval an de Scienteens Lab – de Labo fir Jonker – vun der Uni Lëtzebuerg. Béid Klassen haten e prakteschen Atelier, an deem se mat sophistiquéiertem Labomaterial experimentéiert an déi wëssenschaftlech …
E Freideg, den 22. Abrëll, waren d’Schüler vun der 3e URBS de ganzen Dag duerch d’Éislek ënnerwee, fir um Terrain déi verschidden geologesch Schichten ze studéieren an z’analyséieren. Synclinal, Anticlinal, Ripplemarks, Schieferung, Diaklasen, Rutschharnisch, Thanatocénose… – e puer vu villen …
De 5. Mee huet zu Mamer eng grouss Mountainbike-Randonnée mat 80 Schüler aus 10 verschiddene Lycéeën stattfonnt. Den LJBM war mat 7 Schüler vertrueden, déi alleguer bei schéinstem Wieder ee flotten Nomëtten um Vëlo verbruecht hunn.
D’Europadeputéiert Tilly Metz war e Freideg, den 29. Abrëll, op Besuch am LJBM an huet eisen 2e-Schüler vun hirem Alldag ronderëm d’Europaparlement gezielt. D’Schüler hunn hei e ganz interessanten Abléck op d’Aarbecht vun eise Lëtzebuerger Europadeputéierte kritt. Nieft enger Rei Froen, …
Vum 2. bis de 4. Mee war och den LJBM op der nationaler Schoulfoire YEP mat engem Stand vertrueden, fir seng komplett Offre scolaire am ESC, ESG an an der Beruffsausbildung virzestellen. Mir soen all de Visiteuren, déi sech fir …
Héich am Norden, ëmgi vu Wand a Mier, hunn eis Schüler vun der 2CC an 3CC ee ganzt speziellt Biosphärenreservat erfuerscht. Vum 19. bis den 23. Abrëll ware si op e Stage écologique, fir d’Wattemier a weider Liewensraim op der …
E puer Méint nom drëtten Treffe vum “Erasmus+”-Projet zu Skara a Schweden ware fënnef 2e-Schüler aus dem LJBM zesumme mat hire Professere vum 24. bis den 30. Abrëll zu Baza a Spuenien ënnerwee, wou si mat Delegatiounen aus Spuenien, Däitschland, …
De Kulturrallye 2022 huet et de Schüler vun der 6P2 erlaabt, an de Casino d’Ausstellung THE EVERTED CAPITAL vun den Artiste Fabien Giraud a Raphaël Siboni kucken ze goen. D’zäitgenëssesch Konscht huet si un d’Nodenke bruecht an och den Atelier …