Den 22. an 23. Abrëll war et endlech nees souwäit: De Lycée Josy Barthel huet seng Dieren fir all Interesséierter grouss opgemaach. Et konnt ee sech individuell am Festsall oder am Grupp bei enger Visite guidée iwwer déi divers Offeren …
Am Kader vum Kulturrallye waren d’Schüler aus der 6P1 an d’Rotonden an hunn do d’Beruffer vum Luuchten- an Tountechniker méi genau ënnert d’Lupp geholl. Dobäi konnte si e Bléck hannert d’Kulisse werfen. Zum Schluss hu si mat engem “Actionbound” d’Rotonden …
Eise Lycée war en Donneschdeg virun der Ouschtervakanz mat 3 Schüler um Lasel-Championnat am Turnen vertrueden. Bei den ‚Filles Minimes‘ huet d’Alexia Zeyen eng ganz gutt 17. Platz erreecht vun insgesamt 22 Turnerinnen. Bei den ‚Garçons minimes‘ hunn de Sven …
Hei ass e weidere flotte Reportage vum RTL am Kader vum Mérite Jeunesse. Dës Kéier geet et ëm de Luca Colling, dee mir all gutt kennen duerch säin onermiddlechen Asaz am LJBM-Schülercomité an och op nationalem Niveau an der CNEL. …
Wousst Dir, dass eng Buermaschinn nëmmen 12 Minutten an hirem Liewe gebraucht gëtt? Dass mir all Woch Mikroplastik an der Gréisst vun enger Kreditkaart iessen? Oder dass d’Lëtzebuerger 1 Millioun Handyen doheem leien hunn, déi se net gebrauchen? 😳🤔 Da …
De leschte Freideg war bei eis am LJBM eng Foire des sections et des métiers. Eng ganz Rei extern Partner, dorënner d’Maison de l’Orientation, d’Lëtzebuerger Arméi, Sales Lentz, d'[LU:NEX] International University of Health, Exercise & Sports, d’Administration de la Nature …
Asaz fir e gudden Zweck. Virun der Vakanz hu Schüler vun der 5C1 a 5C3 Jutebeutelen gestéckt fir den Ouschterbasar. Am Kader vun dësem Basar huet och e flotte Virtrag stattfonnt. Invitéë waren de Rémi Fabbri, Direkter vum Service ‘Aide …
Eng sëlleg Schüler hu mat der Ënnerstëtzung vum Schülercomité an dem Däitschdepartement een Charity-Basar op d’Been gestallt, bei deem ganzer 2445 Euro zesummekomm sinn. Den Erléis aus enger Rei selwergemaachen Objeten a Schneekereien geet integral zugonschten vun engem Hëllefsprojet an …
Hei e flotte Reportage vun RTL iwwert de Pit, ee vun eise Schüler, deen elo mam Mérite Jeunesse Gold amgaangen ass. 👏😊 https://www.rtl.lu/tele/de-magazin/v/3285779.html
Den 31. Mäerz hunn 9 Schüler den LJBM trotz Reen a Bulli méi wéi anstänneg zu Mamer op der Drëps vertrueden. Mir hunn zwar dës Kéier keen Champion gemaach, trotzdeem waren d’Resultater ganz éierbar. Dir kënnt déi eenzel Plazéierungen op …