Le vendredi 13 et samedi 14 décembre va se dérouler un tournoi de foot au Hall sportif du LJBM. Ce tournoi fait partie des activités TELETHON, qui soutiennent des projets de recherche dans le domaine de maladies rares et neuromusculaires. …
De 15. Mee 2014 haten d’Schüler vun der Optioun Sport (2e & 3e) en Teamsportdag organiséiert, bei deem Schüler vum LJBM (9e a 6e) géint Schüler aus der Europaschoul (EEII) an dräi verschiddenen Disziplinen ugetruede sinn (Ultimate Frisbee, Tchoukball a …
Enn Januar waren eis Schüler vu 6e a 8e zu Saalbach-Hinterglemm an der Classe de neige. Op hirem BLOG kënnt der kucken, wat se an deene siwen Deeg gemaach hunn.
Den 2., 3. a 4. Juli 2014 hunn néng Steemetzer-Léierbouwen hir Ofschlossprüfung am Mamer Lycée gemaach. D’Prüfung huet am Ganzen 20 Stonne gedauert a bestanen aus engem schrëftlechen Deel, engem prakteschen Deel an zum Schluss engem Fachgespréich. D’Kandidaten hu misse …
L’élève Rafael Dos Santos Silvestre (4CM1) s’est qualifié premier au niveau national au premier tour de la 7e édition de l’Olympiade luxembourgeoise des sciences naturelles, parmi 2000 élèves de 28 lycées différents. Se sont également qualifiés pour la demie-finale: Heloisa …
Den 20. Mee huet RTL sech am Top-Thema mat barrierefräier Architektur befaasst. Si hunn duerfir och en Ausfluch an d’Baufach-Sektioun vum Mamer Lycée gemaach, wou de concernéierte Schüler regelméisseg eng dementspriechend Formatioun, an Zesummenaarbecht mat Info-Handicap, ugebuede gëtt. Dir kënnt …
Vum 13. bis den 18. Januar war an eisem Lycée en internationale COMENIUS-Meeting am Kader vum aktuelle COMENIUS-Projet “School against racism – Music for mutual respect”. Mat derbäi ware 17 Schüler an 8 Proffen aus eise Partnerschoulen aus Spuenien, Polen, …
De 24. Juni 2014 hunn d’Baufach-Klassen 00BA2 an 00DB1 ënner Begleedung vun hiren Enseignanten Anne-Marie Peller, Tun Hartmann a Paulo Da Silva en Ausfluch op Dikkrech gemaach. Um Programm stoung moies eng Visite guidée mam Här Roland Gaul am Militärmusee, …
Fir 10 Joer Mamer Lycée ze feieren, war e Sonndeg de 26. Januar 2014 um 18h00 e Concert am Centre Culturel ‘Kinnéksbond’ zu Mamer. De bekannte Robert-Schuman-Chouer huet ënnert der Direktioun vum Martin Folz, eng flott adaptéiert Fassung vum zweeten …
De 6. a 7. Mee 2014 war an der Chambre de Commerce déi zweet Auditioun vu “Model UN”, enger Simulatioun fir Schüler vum UN-Sécherheetsreetsrot, organiséiert vun der ALNU (Association Luxembourgeoise pour les Nations Unies). Nieft 14 anere Lycéeën huet och …