Simulatioun vum UN-Sécherheetsrot
Publié le 11/05/2014De 6. a 7. Mee 2014 war an der Chambre de Commerce déi zweet Auditioun vu « Model UN », enger Simulatioun fir Schüler vum UN-Sécherheetsreetsrot, organiséiert vun der ALNU (Association
Luxembourgeoise pour les Nations Unies). Nieft 14 anere Lycéeën huet och de Mamer Lycée drunn deelgeholl mat enger Delegatioun vun der 3CM1, ënner Begleedung vun hirem Geschichtsproff Guido Lessing. Um Programm stoungen d’Situatiounen a Syrien, am Mali an an Nordkorea.