Back
14 juin

Frankfurter Buchmesse

Den 21. Oktober sinn d’Klassen 2CC an 2CG mat hiren Däitschproffen op d’Frankfurter Buchmesse gefuer. D’Schüler kruten e flotten Abléck an déi aktuell Bicherwelt ewéi an d’Publishing Branche a si mat neien Impressiounen erëmkomm.

14 juin

LASEL Bike Day 2022

Den 20. Oktober war de Bike Day vun der LASEL zu Zéisseng am Bike Park. 🚵‍♂️ Fir den LJBM mat dobäi waren de Len, de Maxime an den Tom. Op am Ganzen 11 verschiddene Statiounen hate si grousse Spaass an …

14 juin

Optioun « Life Science » zu Marteleng

E Mëttwoch, den 19.10., waren 2e- an 3e-Schüler aus der Optioun « Life Science » zu Marteleng. Si hunn d’Geologie vum Norden hautno kennegeléiert a krute Begrëffer wéi Schiste, Schistosité, “Couteau” oder Charriage, Sedimentatioun a Stratificatioun konkret erkläert a gewisen. D’Schüler konnten …

14 juin

LASEL Championnat Futsal 2022

Leschten Donneschdeg hunn d’Meedercher aus dem LJBM am Kader vun der Lasel un engem Futsal-Championnat deelgeholl. Enner 4 Lycéeën huet eis jonk Ekipp aus dem LJBM et op déi 3. Plaz gepackt, punktgläich mam Lycée Ermesinde vu Miersch. Et ass …

14 juin

D’Villercher op der Schlammwiss entdecken

Den 12. Oktober sinn 2e- an 3e-Schüler aus der Optioun « Life Science » op d’Schlammwiss gefuer, fir do dat gréisste Schilfgebitt vum Land z’entdecken. Se kruten d’Beréngungsstatioun gewisen an Techniken, fir d’Villercher ze fänken a se direkt dono nees ze befreien. …

14 juin

Geméis aus dem LJBM-Gaart

De Kichenatelier krut eng helle Wull Geméis aus dem LJBM-Gaart. D’Schüler vun de 7P-Klassen hunn haut doraus eng gesond Zopp gekacht!      

14 juin

Wëllbeien

D’Populatioune vun den ënnerschiddleche Wëllbeien-Aarten huele säit Joren of, well se mat Pestiziden, Nahrungs- a Nistplatzmangel ze kämpfen hunn. Fir dësem leschte Problem entgéintzewierken, hu Schüler vun der 6GS1 am Schouljoer 2021-2022 kleng Insektenhoteller gebaut. D’Holz dofir krute mir gratis …

14 juin

Josy Barthel – mehr als nur ein Sportler

D’Schüler vun der 6C2 ware ganz erstaunt, wéi si entdeckt hunn, datt de Josy Barthel net nëmmen en Toppsportler war. Seng Ambitioun huet hien och schoulesch wäit bruecht, de Josy Barthel war e renomméierten Ingénieur chimiste. Hien huet herno an …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade