Am Kader vun engem Sensibiliséierungsprojet waren d’Schüler vun der EDIFF-Klass mat der Madame Joëlle Jungbluth an der Madame Jackie Wagner den 31. Mäerz op Besuch bei Luxembourg Air Rescue.
Lëtzebuerg, repräsentéiert vun de sechs Finaliste vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschafts-Olympiad (dorënner d’Daphne Prosser aus dem LJBM), huet sech op der EUSO (European Union Science Olympiade) zu Athen gutt geschloen: Eis Schüler kruten eng Sëlwer- an eng Bronzemedaill an hu Länner …
Siwe Schüler aus dem LJBM hu matgemaach beim Theaterconcours, dee vum CarréRotondes organiséiert ginn ass. Si all hunn eng exzellent Leeschtung bruecht a vill bäigeléiert. De Glenn Kaufmann a Valère Gaube (3e G) si vu 14 Equipen ënnert deene 4 …
Och dëst Joer nees hunn eng ganz Rei Schülerinnen a Schüler op der “Talent-Owend 2014” hiert Kënne viru ville Spectateuren an enger Jury vun 8 Leit ënner Beweis gestallt. Fir weider Fotoen, klickt op d’Bild!
Enn Mee waren eis Schüler vu 4CM, 10TG an 10PS zu Holzgau an Tirol an engem Stage-Nature. Um Programm stoungen eng Rei sportlech Aktivitéiten (Klammen, Mountainbike, Wanderen am Schnéi) an aner intressant Atelieren. Hei kënnt der kucke, wat si gemaach …
Den 30. Mee waren d’Schüler vun der Optioun “Theater” a vun der 6CM2 mat der Madame Prim an der Madame Christnach op Besuch am Groussen Theater an der Stad. Weider Fotoe gëtt et hei:
La section C de la classe de 3e du LJBM a effectué jeudi le 5 juin 2014 une excursion écologique dans la région du Bassin Minier. L’objectif de cette sortie était l’étude de la géologie et l’analyse des facteurs abiotiques et …
Den 2., 3. a 4. Juli 2014 hunn néng Steemetzer-Léierbouwen hir Ofschlossprüfung am Mamer Lycée gemaach. D’Prüfung huet am Ganzen 20 Stonne gedauert a bestanen aus engem schrëftlechen Deel, engem prakteschen Deel an zum Schluss engem Fachgespréich. D’Kandidaten hu misse …
De 24. Juni 2014 hunn d’Baufach-Klassen 00BA2 an 00DB1 ënner Begleedung vun hiren Enseignanten Anne-Marie Peller, Tun Hartmann a Paulo Da Silva en Ausfluch op Dikkrech gemaach. Um Programm stoung moies eng Visite guidée mam Här Roland Gaul am Militärmusee, …
Jeudi, le 26 juin 2014 eut lieu au Lycée Josy Barthel une remise de prix à des élèves méritants, en présence du directeur Claude Christnach. Les élèves honorés avaient été choisis parmi l’ensemble des élèves d’après leurs résultats scolaires et …