Back

There are no available posts!

Chimiesolympiad 2023

28/02/2023

Den 31. Januar 2023 hu Schüler aus de Klassen 1CC an 2CB aus dem LJBM un der Chimiesolympiad deelgeholl. E Bravo un all eis Schüler, déi matgemaach hunn, a Gratulatioun un déi 4 Schüler, déi sech ënnert deenen éischte 50 …

Digital sciences – Gesellschaftsspiller

27/02/2023

Am Kader vum Fach « Digital sciences » hu sech d’Schüler vun de 6C-Klasse mam Thema « D’Spill, digital an analog » auserneegesat. En Donneschdeg, den 9. Februar, hu si verschidden Typpe vu Gesellschaftsspiller matbruecht. Déi ronn 55 Schüler hu sech dunn am Festsall …

Forensik fir eis Nowueswëssenschaftler

27/02/2023

D’Schüler vun der 6G1S, enger vun eise Scientifiquesklassen, hunn an der Optioun « Wëssenschaften » e klengen Abléck an d’Forensik kritt. Um Programm stoungen d’Spueresécherung, d’Ënnersiche vu Fangerofdréck, d’Vergläiche vun Hoerprouwen an d’Analys an d’Interpretatioun vu Bluttspueren. LJBM – « Du, d’Natur an …

E Stroumkrees opstellen

27/02/2023

Eis Schüler hunn an den Travaux pratiques vun de Sciences naturelles e Stroumkrees opgestallt a getest, wéi d’Elektresch geleet gëtt. D’Rosie, eise Schoulhond, huet gutt opgepasst, datt alles richteg ofgelaf ass. LJBM – « Du, d’Natur an d’Wëssenschaft. »  

De Bléck op d’Zäit

21/02/2023

De Bléck op d’Zäit – eng Qualitéit, déi an de Wëssenschafte wichteg ass an op eng er 6G scientifique net feelen däerf! Dat huet den David aus der 6GS1 erméiglecht, andeems hien am Makerspace eng Auer fir seng Klass gebaut …

Besser als Team fonctionéieren

21/02/2023

D’4CCL2 war 2 Deeg zu Huelmes, fir den Ekippegeescht ze fërderen. No engem Escape Game am Mariendall hunn d’Schüler duerch de Bësch missen eng Rëtsch Aktivitéite bewältegen, ier se an der Buerg zu Huelmes ukomm sinn. Do war den Teamgeescht …

Visitt um Baurenhaff

21/02/2023

Wou kommen eis Liewensmëttel hier? Dëser Fro sinn d’Schüler vun der 7G2 e Freideg, den 3.2., um Bauerenhaff Vosman an am Mariendall op de Grond gaangen. Si ware fir d’éischt de Bauerenhaff selwer kucken an hunn dono an der Kiche …

Op de Spuere vum Robert Hooke

09/02/2023

Den Naturfuerscher huet am Joer 1665 d’Zellen « Cellula » ënnert sengem Mikroskop beobacht. D’Schüler vun der 7G2 hu gutt 350 Joer dono hir éischt Erfarung mam Mikroskop am naturwëssenschaftlechen Unterrecht gemaach an dobäi hir eegen Zellen entdeckt an ënnersicht.    

Best Educational Game aus dem LJBM

08/02/2023

An e weidert super Resultat vun eise Schüler! Dëse Samschdeg, de 4. Februar, war déi 7. Editioun vun der LTS (Luxembourg Tech School) hirer Game Pitch Competition am Forum um Campus Geesseknäppchen. Mat dem Eldin Agovic, dem Nathan Carré, dem …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade