Digital sciences – Gesellschaftsspiller
Publié le 27/02/2023Am Kader vum Fach « Digital sciences » hu sech d’Schüler vun de 6C-Klasse mam Thema « D’Spill, digital an analog » auserneegesat. En Donneschdeg, den 9. Februar, hu si verschidden Typpe vu Gesellschaftsspiller matbruecht. Déi ronn 55 Schüler hu sech dunn am Festsall versammelt, fir mat hire Kolleeginnen a Kolleegen dës Spiller auszeprobéieren.