Mam MakerBuzz a mat ganz vill Material am Gepäck koumen den Oli an de Gabriel vun der Make it ASBL den 23.2. bei ons an de Lycée, fir mat de 5P-Schüler “Bouncing robots” ze bauen. Si hunn e léierräichen Atelier …
Wou kënnt d’Mëllech hir a wéi liewen d’Kéi um Bauerenhaff? Wéini kritt d’Kou e Källefchen a wat sinn d’Aufgabe vum Bauer? Den 20.2. hunn och d’Schüler vun der 7G1S e flotten Dag um Haff Vosman an am Mariendall verbruecht. Si …
Den LJBM bei der FIRST Lego League Eng Ekipp aus dem LJBM huet e Samschdeg un der FIRST Lego League vun dësem Joer deelgeholl. Säit September hu si sech intensiv op dësen Dag preparéiert an engersäits hire Roboter gebaut a …
An nach e gutt Resultat vun eise Schüler: Eis Seniors-Meederchersekipp am Fussball huet den Exploit fäerdegbruecht, sech an der Gruppephas, déi den 2. Februar gespillt gouf, fir d’Finallen ze qualifizéieren. En décke Merci dem Leticia, Luisa, Laura, Mariana, Silvi, Silvava …
E Méindeg, den 20.2., si 7 Schüler aus eiser Partnerschoul zu Baza a Spuenien bei eis am LJBM empfaange ginn. Mat Schüler vun de Klassen 3C-Comed an 2C-Comed hu si wärend 5 Deeg u gemeinsame Schoulstonnen deelgeholl a bei verschiddene …
Den 31. Januar 2023 hu Schüler aus de Klassen 1CC an 2CB aus dem LJBM un der Chimiesolympiad deelgeholl. E Bravo un all eis Schüler, déi matgemaach hunn, a Gratulatioun un déi 4 Schüler, déi sech ënnert deenen éischte 50 …
Am Kader vum Fach “Digital sciences” hu sech d’Schüler vun de 6C-Klasse mam Thema “D’Spill, digital an analog” auserneegesat. En Donneschdeg, den 9. Februar, hu si verschidden Typpe vu Gesellschaftsspiller matbruecht. Déi ronn 55 Schüler hu sech dunn am Festsall …
D’Schüler vun der 6G1S, enger vun eise Scientifiquesklassen, hunn an der Optioun “Wëssenschaften” e klengen Abléck an d’Forensik kritt. Um Programm stoungen d’Spueresécherung, d’Ënnersiche vu Fangerofdréck, d’Vergläiche vun Hoerprouwen an d’Analys an d’Interpretatioun vu Bluttspueren. LJBM – “Du, d’Natur an …
Eis Schüler hunn an den Travaux pratiques vun de Sciences naturelles e Stroumkrees opgestallt a getest, wéi d’Elektresch geleet gëtt. D’Rosie, eise Schoulhond, huet gutt opgepasst, datt alles richteg ofgelaf ass. LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”
De Bléck op d’Zäit – eng Qualitéit, déi an de Wëssenschafte wichteg ass an op eng er 6G scientifique net feelen däerf! Dat huet den David aus der 6GS1 erméiglecht, andeems hien am Makerspace eng Auer fir seng Klass gebaut …