Als Belounung fir hir exzellent Resultater an hir Beméiungen d’ganzt Joer iwwer ass eis 3CB an 3CC mat hirem Chimie- an hirem Mathesproff, dem Här Rauen an dem Här Heymans, an den Europapark gefuer. Un engem sonnegen Dag hate si …
E puer vun eise 7e-Klassen haten no Péngschten d’Geleeënheet, en interessanten Dag bei de Georges Kayser Altertumsfuerscher ze verbréngen. An hirem Musée zu Nouspelt kruten d’Schüler fir d’éischt en informativen Androck iwwert d’Aarbecht vun engem Archeolog a wéi ee mat …
D’6C1 huet leschte Freideg als alleréischt Klass kënnen den neien Beiestage ausprobéieren, dee vum Jugendzenter Huelmes fir de Secondaire ausgeschafft gouf. 😃 D’Schüler waren zu 4 Fuerscherteams, déi unhand vu flotten Experimenter alles zu den Themen “D’Bei als Architekt”, “D’Bei …
No zweejäreger Zwangspaus war et erëm esou wäit! 60 Schüler aus de Klassen 3CG URBS & COMED, 3GIG an 3GPS ware vum 30. Mee bis de 5. Juni 2022 an de Stage nature op Holzgau an dat wonnerschéint Lechtal am Tirol. Um Programm stoungen Ateliere …
De 14.06 an de 16.06 hunn eis Schüler vun de 7G-Klassen en Ausfluch an de Biodiversum gemaach. Hei kruten d’Schüler de Liewensraum Weier souwéi d’Wichtegkeet vum Naturschutz verdäitlecht.
De 16. Juni hunn nach emol 3 Schüler den LJBM zu Réiden am ALR vertrueden. Den Nils Hendriks ass no sengem Titel am Duathlon och LASEL-Champion am Triathlon ginn (Minimes Affiliés). Dat selwecht geléngt dem Yannis Lang bei de Cadets …
Mat vill Freed gouf am LJBM en Dënschdeg de Lancement vum neie BTS BIM, Building information modeling, gefeiert. Bei engem gudde Glieschen huet d’Direktioun allen externe Partner a bedeelegten Enseignantë souwéi de Coordinateure Merci fir d’Ënnerstëtzung an déi gutt Aarbecht …
Den 20. Mee waren d’Schüler vun der 3GA3D an déi belsch Haaptstad Bréissel. Si hu vill kulturell Andréck vun dëser schéiner Stad konnte sammelen. Nieft dem Atomium, deen si esouwuel vu baussen ewéi och vu banne konnte bestaunen, si si …
Vielen Dank an die Gemeinde Mamer und an das Architekturbureau Jim Clemes für die interessante Baustellenbesichtigung. Die Schüler der DC3DB haben viele spannende Details gesehen, die zusammen mit den Fachleuten analysiert und diskutiert werden konnten. Zum Schluss durften die Helme …
De leschte Freidegmoien hunn d’Schüler aus der ACCU-Klass Äppeltäsche gebak. 🤩 😋 E schéine Bonjour aus der Kichen! 😊