De 16. Juni hunn nach emol 3 Schüler den LJBM zu Réiden am ALR vertrueden. Den Nils Hendriks ass no sengem Titel am Duathlon och LASEL-Champion am Triathlon ginn (Minimes Affiliés). Dat selwecht geléngt dem Yannis Lang bei de Cadets mat Lizenz. De Max Pawlikowski ass bei sengem éischten Triathlon iwwerhaapt bei de Minimes ouni Lizenz den 8. vun am ganzen 17 Starter ginn. Alles topp Leeschtungen!