Beiestage am Jugendzenter Huelmes

Publié le 24/06/2022

D’6C1 huet leschte Freideg als alleréischt Klass kënnen den neien Beiestage ausprobéieren, dee vum Jugendzenter Huelmes fir de Secondaire ausgeschafft gouf. 😃 D’Schüler waren zu 4 Fuerscherteams, déi unhand vu flotten Experimenter alles zu den Themen “D’Bei als Architekt”, “D’Bei als ekonomesche Facteur”, “D’Kommunikatioun vun de Beien” an “D’Regulatioun vun der Wäermt” geléiert hunn. Dono kruten se verschidden Typpe vu Beiestäck gewisen a se hunn déi 3 Beiewiesen méi no kennegeléiert. Jiddereen huet uschléissend säin eegent Wuessduch gemaach, wat een als Ersatz zu Frischhaltefolie gebrauche kann. Et war spannend, op eege Fauscht alles iwwert d’Beien z’erfuerschen a frëschen Hunneg ze schmaachen. 😋😊

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.