Geschicht fir unzepacken!

Publié le 27/06/2022
E puer vun eise 7e-Klassen haten no Péngschten d’Geleeënheet, en interessanten Dag bei de Georges Kayser Altertumsfuerscher ze verbréngen. An hirem Musée zu Nouspelt kruten d’Schüler fir d’éischt en informativen Androck iwwert d’Aarbecht vun engem Archeolog a wéi ee mat „Sachquellen” fachgerecht ëmgoe muss, fir dass en se eis erhale bleiwen. Dobäi hu si och eng Rei Spueren aus der Zäit vun de Kelten an de Réimer dierften upaken an deemno méi genau konnte betruechten. Duerno si se op eng Zäitrees duerch de Musée gefouert ginn. Bei der Steenzäit an der Bronzezäit ugefaange sinn eis Septièmen esou munches iwwert d’Liewen an d’Kultur vun de Kelten an duerno de Gallo-Réimer gewuer ginn, déi sech an der Géigend ronderëm den haitege Bësch „Am Miecher” bei Giewel ugesidelt haten. No engem Trëppeltour vu Nouspelt bis an de „Miecher” an engem Picknick um Site vun den Altertumsfuerscher hunn d’Schüler vun den engagéierte Leit vun der GKA d’Resultat vun hirer praktescher Aarbecht um Terrain gewise krut. Ronderëm eng fantastesch gallo-réimesch Villa sinn eng etlech Niewegebaier mat verschiddene Funktioune scho restauréiert ginn; dorënner zum Beispill eng Metzlerei an esouguer eng sougenannte Badeanlag, sou wéi sech dat fir d’Réimer gehéiert huet. Et war eng spannend Erfarung, gewise kritt ze hunn, wéi ee Spueren, déi d’Leit laang virun eiser Zäit hannerlooss hunn, entdecken an interpretéiere kann. En décke Merci dem Jak an dem Pia vun de GKA fir dee flotten Dag!

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes