An Zesummenaarbecht mat dem Publics Departement aus dem Musée MUDAM schaffen eis Schüler aus de Klassen 2GA3D an 2C-URBS zënter der Ouschtervakanz ganz intensiv un der Entwécklung vun “hirem” Musée. Si beäntweren an dësem Projet d’Fro, wéi hire ganz perséinleche …
Eis Schüler vun der 2C-URBS haten de grousse Privileeg, mat engem Mataarbechter vu MeteoLux en Tour an der Camionnette iwwer de „ganzen“ Terrain vum Findel ze maachen. Si krute verschidde Geräter fir Klimadaten z’ erfaasse gewisen an hunn e. a. …
Um Futsal-Turnéier vun der Lasel, dee bei eis an der Sportshal gespillt ginn ass, kënnt eis Minimes-Ekipp mat engem Gläichspill, engem gewonnenen an engem verluerene Match op déi gutt 2. Plaz.
Am Kader vun engem Franséischcours zum Sujet « Environnement durable » hunn d’Schüler aus der 3GPS2 véier grouss Freske realiséiert. Heimat hu si de Grond an d’Konsequenze vun de Klimaverännerungen erkläert. Duerch dëse Projet hunn d‘Schüler realiséiert, datt déi mënschlech …
D’Schüler vun eiser 2GIG hu sech zesumme mam Här Schmit d’Lorentzkraaft ugekuckt. Dat ass d’Kraaft, déi op Elektrone wierkt, wann se an der Géigend vun engem magnéitesche Feld sinn. Op der Foto gesäit een d’Elektronen als bloe Stral. LJBM – …
Den 30.4. kruten all eis 7e-Schüler e ganz flotte Concert ze héieren! D’Madamm Anik Schwall, den Här Yanis Grisó an den Här König vun de « Solistes Européens Luxembourg » hu Stécker vum Ludwig van Beethoven, Claude Debussy, Robert Schumann …
De 4. Mee war an de Rotonden déi 1. Ausgab vum EdFest, dem nationale Festival fir Schoulentwécklung. Dëst Event wëll virun allem nei Weeër an der pedagogescher Innovatioun opweisen – natierlech ware mir als LJBM hei och vertrueden, an dat …
Am Tirol koumen d’Schüler déi lescht Deeg an de Genoss vun der frëscher Biergloft an der idyllescher Natur bei hire Wanderungen an dofir war eng kill Erfrëschung am Lech beim Rafting ganz wëllkomm. Ënnerwee an den Alpe waren och Orpheus …
Vum 28. Abrëll bis den 3. Mee ware 25 Schüler aus de Klasse 5P, 5AD, CIP a COP um Ijsselmeer an Holland ënnerwee am Kader vum alljärege Seegelstage, organiséiert vun der Voie de Préparation an dem Service socio-éducatif. Dëst Joer …
Eis 2e-Schüler haten d’Chance, mat 7 Kandidatinnen a Kandidaten fir d’Europaparlament iwwer europäesch Politik ze diskutéieren. No enger kuerzer Virstellung gouf et e “Speeddating”, sou datt all Schüler a klenge Gruppe mat all Politiker an d’Gespréich komm ass.