Bei MeteoLux um Findel

Publié le 16/05/2024

Eis Schüler vun der 2C-URBS haten de grousse Privileeg, mat engem Mataarbechter vu MeteoLux en Tour an der Camionnette iwwer de „ganzen“ Terrain vum Findel ze maachen. Si krute verschidde Geräter fir Klimadaten z’ erfaasse gewisen an hunn e. a. geléiert, firwat Plastiksbullen iwwer de Wasseropfangbecken leien (fir datt d’Vullen net ugezu ginn) an datt d’„Fligerbréck“, déi iwwer d’Autobunn féiert, net direkt vu Fligere genotzt gëtt, mee am Fluchverkéier eng wichteg Roll spillt. Si haten esouguer d’Chance, en Datenzenter vu bannen ze gesinn a bis erop an den Tower ze goen. E grousse Merci dofir un dat ganzt MeteoLux-Team!

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.