Volle Programm am Naturstage

Publié le 10/05/2024

Am Tirol koumen d’Schüler déi lescht Deeg an de Genoss vun der frëscher Biergloft an der idyllescher Natur bei hire Wanderungen an dofir war eng kill Erfrëschung am Lech beim Rafting ganz wëllkomm. Ënnerwee an den Alpe waren och Orpheus an Eurydike virun enger dramatescher Kuliss, déi eis Schüler genotzt hunn, fir d’Zuschauer an eng vun de bekanntste griichesche Libesgeschichten z’entféieren. Fir den Adrenalinfacteur war och op der iwwert 100 Meter héijer Seilhängebréck iwwer de Lechtal gesuergt. D’Vitalwanderung huet d’Ekipp och op d’Spuere vum Sebastian Kneipp an de lokalen Heelplanze ronderëm Holzgau bruecht. Bei der Schnéischongwanderung um Vorarlberg bei Warth goufe Schüler an Enseignanten ofsäits vun den ausgetrëppelte Pied op ganz neie Weeër duerch de Schnéi gefouert.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.