Lycée Josy Barthel Mamer

Du, d'Natur an
D'Wëssenschaft.

Nos dernières actualités

LJBM Party
En Dënschdegowend hunn eng 100 Schüler op der LJBM Party den Ofschloss vum Schouljoer gefeiert. Zu de Beats vum Funkmaster...
Nyx a Kirby
Nyx a Kirby, sou heeschen déi zwee Axolotlen, déi d'Schüler vun der 6G1S am Kader vun hirem fachiwwergräifende Projet an...
Fairtrade am LJBM
D’Schüler vun de Klasse 6GS1, 6G3 a 6G4 hunn dëst Joer am Kader vun hirem Geo-Cours eng Sensibiliséierungscampagne zum Theema Fairtrade bei eis an der Schoul organiséiert. An enger Ausstellung hu si d'Produktiounskette vu Schockela, Palmueleg...
Op de Spuere vum 1. Weltkrich
D’Schüler vun eise Klasse 5G1S, 5G2, 5G4, 5G5, 3CC, 3C-URBS an 3C-COMED haten e Freideg, de 5. Juli, d’Méiglechkeet, sech...
Ausfluch an d’Stad
Den 8. Juli huet d’6G1S am Kader vum Geschichtscours en Ausfluch an d’Stad gemaach. Fir d’éischt hunn d'Schüler mat den...
Diplomiwwerreechung
De leschte Freideg war d'Diplomfeier bei eis am LJBM, e feierlechen Ofschloss a Präsenz vun eisen Éieregäscht, dem Här Gilles...

Wëllkomm

am Lycée Josy Barthel zu Mamer!

   (Video)

De Lycée Josy Barthel Mamer ass eng ëffentlech Schoul mat 1255 Schüler aus ville verschiddenen Nationalitéiten, déi am Alldag alleguerte Lëtzebuergesch matenee schwätzen. Mir hu säit Joere ganz gutt Resultater an den Ofschlossexamen an och bei nationale Concoursen. 

De Motto vum LJBM ass: “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft”. 

Du gëss hei gutt encadréiert, du fënns hei eng breetgefächert an interessant Offre scolaire, du gëss hei geléiert, wéi s du autonom a selbststänneg kanns schaffen a léieren. 
D’Natur ass eis wichteg. Dofir probéiere mir, d’Schüler am Alldag fir d’Natur ze sensibiliséieren, an och esou ze liewen an als Schoul ze funktionéieren, datt den Impakt op d’Natur esou geréng wéi méiglech ass. 
D’Wëssenschaft ass op all eise Sektiounen omnipresent, an dat souwuel am Enseignement secondaire classique, am Enseignement secondaire général wéi och an der Formation professionnelle. 

De Lycée Josy Barthel Mamer huet eng flott Infrastruktur mat senger eegener Piscine a ville Méiglechkeete fir Sport ze maachen, dat souwuel dobaussen wéi och dobannen. Mir hunn een eegene Biotop, een eegenen naturnoe Park an och de Mamerdall ass ganz nobäi. 

Schreif dech bei eis an, ech freeë mech op dech! 

Claude Christnach
Direkter vum Lycée Josy Barthel Mamer

Offre scolaire

Classique

Vers les études supérieures, où toutes les professions sont possibles

Général

Un monde de possibilités : études supérieures ou entrée dans la vie active

Préparatoire

Maximiser les chances de réussite : apprendre un métier ou intégrer le général

Professionnel

Devenir un pro de la construction: théorie et apprentissage en entreprise

BTS

Des études à finalité professionnelle, alliant théorie et stages en entreprise

Cours du soir

Offre de cours spécialisés pour adultes, en partenariat avec le LLLC

0
élèves inscrits
0
types d'enseignement
0
enseignants
0
spécialisations

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes