Je suis un bloc de texte, cliquez sur le bouton \”éditer\” pour me modifier. Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.
Je suis un bloc de texte, cliquez sur le bouton \”éditer\” pour me modifier. Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.
Je suis un bloc de texte, cliquez sur le bouton \”éditer\” pour me modifier. Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.
Je suis un bloc de texte, cliquez sur le bouton \”éditer\” pour me modifier. Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.
“Digital Kompetenze fir d’Liewen” (DKL)
D’Philosophie vum Projet „Digital Kompetenze fir d’Liewen“
Mir liewen an enger Welt, déi schonn immens technesch ass. Haut ass et wichteg, datt een iwwert technescht Wëssen verfügt, soss kann een an deene meeschte Beruffer guer net méi schaffen an et huet ee quasi keng Chancen um Aarbechtsmarché. An deene leschte Joerzéngten sinn et virun allem déi nei Technologien, déi eist Ëmfeld an eist Liewen a villen Hisiichte gepräägt hunn. A leschter Zäit ass och d‘Digitaliséierung e ganz grousst Thema.
Fir eis als Lycée Josy Barthel ass et wichteg, eis Schüler esou gutt wéi méiglech op hier Zukunft virzebereeden. Mir wëllen hinnen als Schoul och dat néidegt technescht an digitaalt Wëssen matginn, fir datt si hire weidere Liewenswee erfollegräich goe kënnen. Dofir hu mir als Schoul de Projet „Josy goes digital“ gestart an duerno een neie Projet d’établissement “Digital Kompetenze fir d’Liewen” lancéiert, an deem mir eise Schüler déi digital Kompetenzen net nëmme vermëttelen, mee och zertifiéieren wëllen..
Dobäi gräife mir och op den iPad zréck, deen de Staat de Schüler am Kader vum „one2one“-Projet (cf. www.one2one.lu) zur Verfügung stellt. An eiser Schoul ass den iPad e wichtegt Hëllefsmëttel, dat de Schüler den Ëmgang mat neier Technologie méi no brénge soll a ganz nei Dimensiounen am Schoulhalen erméiglecht.
D’DKL-Team:
1. Rei (vu lénks no riets): Nadine Becker, Lydia Alegria, Patrick Weber, Joé Kries
2. Rei: Claude Christnach, Jean-Luc Gleis, Marc Kill, Mike De Vos, Nathalie Cegielska, Alain Dondelinger
FAQ – 15 Froen an Äntwerten zum iPad am LJBM
Wéini kritt mäi Kand den iPad?
An den éischte Wochen nom Schoulufank sinn d’Remisen. Fir datt den iPad dem Schüler iwwerreecht ka ginn, muss de Kontrakt d‘éischt vun den Elteren ënnerschriwwe ginn.
Wiem gehéiert den iPad?
Et ass e Gerät vum Staat, also aus dem Centre de gestion informatique de l’éducation (CGIE, cf. www.cgie.lu). Den iPad gehéiert net dem LJBM, mee e gëtt vum Lycée agesat an och vun de Responsabelen aus dem LJBM geréiert a kontrolléiert. De Schüler kritt deen iPad am Kader vun enger Locatioun zur Verfügung gestallt.
Wat kascht deen iPad mech als Elterendeel?
D‘Locatioun vum iPad kascht 50 Euro d’Joer. De CGIE schéckt eng Rechnung.
Kann ech deen iPad och am Lycée bezuelen?
Nee, dat geet leider net. D’Gerät gehéiert dem CGIE a muss och do bezuelt ginn, de Lycée geréiert den iPad nëmmen.
Wie configuréiert den iPad a këmmert sech ëm d‘Software?
D’iPad-Responsabel aus dem LJBM installéieren all déi néideg Applikatiounen, de Schüler brauch do guer näischt ze maachen.
Ech wëll net, datt mäi Kand e Kont bei Apple mecht. Wéi kann ech dat verhënneren?
De Schüler kritt vun der Schoul en offizielle Kont fir d‘Educatioun zur Verfügung gestallt, e muss sech selwer kee private Kont zouleeën.
Muss mäi Kand d’Applikatioune bezuelen?
Nee, de LJBM bezilt d’Lizenzen vun den agesaten Applikatiounen.
Ka mäi Kand op deem iPad selwer Software installéieren?
D’Schüler aus dem Cycle inférieur a Cycle moyen hu keen Accès zum App-Store a kënne selwer keng Software installéieren.
Ech wëll net, datt mäi Kand mat deem iPad herno zevill spillt.
De Schüler aus dem Cycle inférieur a moyen huet technesch net d’Méiglechkeet Spiller um iPad z‘installéieren. Den iPad ass bewosst sou configuréiert. Et ass e Schoulgerät, do brauche keng Spiller drop ze sinn, ausser et ass an engem pädagogesche Kader.
Muss mäi Kand den iPad all Dag mat an d’Schoul huelen?
Jo, et handelt sech beim iPad ëm en Outil wéi e Buch. Vu datt vill Contenu och digital un de Schüler ausgedeelt gëtt (z. B. statt Aarbechtsblieder op Pabeier), muss de Schüler säi Gerät all Dag derbäi hunn an och selwer dofir suergen, datt den Akku moies voll gelueden ass.
Huet de Schüler fräien Zougank zum Internet?
Nee, den Zougank zum Internet gëtt gefiltert. De Filter soll z. B. verhënneren, datt de Schüler Accès zu Säiten mat Contenu fir Erwuessener kritt.
Gëtt mäi Kand duerch den iPad kontrolléiert?
Nee, d’iPad-Responsabel aus dem LJBM hunn zwar d’Méiglechkeet, d‘Applikatiounen vum iPad ze kucken, mee se gesinn awer net den eigentleche Contenu, also keng Dokumenter, keng Emailen asw. Den iPad huet och kee GPS-Modul.
Schafft de LJBM just mat Apple-Produiten?
Nee, den iPad ass just den techneschen Outil, deen am Kader vum one2one-Projet vum CGIE, also dem Staat, zur Verfügung gestallt gëtt. Mir schaffen genau esou och mat Microsoft-Software, z. B. dem Office365-Environnement.
Bezilt de LJBM, wann den iPad futti ass?
Nee, de Schüler bzw. d’Eltere musse fir e Schued um iPad opkommen. Fir all Hardwareproblem ass de CGIE zoustänneg.
Muss mäi Kand op 7e en iPad huelen? Ech wëll dat als Elterendeel net.
All Schüler op 7e kritt am LJBM en iPad, et ass e wichtegt Element vum Schoulhalen am LJBM.
Bei weidere Froen, schéckt eis w.e.g. eng Email un ipad@ljbm.lu.
ONE2ONE – STRATÉGIE NATIONALE DE DÉPLOIEMENT DE CLASSES iPAD
Il est de la volonté politique de généraliser l’introduction des dispositifs mobiles de type iPad dans les établissements secondaires et secondaires techniques au cours des prochaines années scolaires et d’en faire un outil de production et d’apprentissage au service de la pédagogie.
À cet effet, le Centre de gestion informatique de l’éducation (CGIE) a mis en œuvre un programme ambitieux d’acquisition pluriannuel de tablettes de type iPad pour satisfaire aux demandes des lycées. Toute demande de dispositifs mobiles devra être accompagnée d’un dossier pédagogique bien ficelé avec entre autres une description détaillée du projet pédagogique qui devra être soutenu par une équipe motivée d’enseignants. Au niveau matériel, la stratégie nationale de mise à disposition des dispositifs repose sur un modèle de location annuel.
Semaine de la Solidarité 2020
Am Kader vun eisem Projet d’établissement ‚Josy Helps!‘ fënnt vum 10. bis 14. Februar 2020 ons SEMAINE DE LA SOLIDARITE statt. Iwwer 30 Organisatiounen aus den ënnerschiddlechste Beräicher hu sech ageschriwwen, fir Atelieren, Konferenzen an Ausstellungen ze organiséieren. Dës Woch soll de Jonken aus eisem Lycée d‘Méiglechkeet ginn, e Bléck iwwer den Tellerrand ze werfen an eis Welt besser ze verstoen. Si sollen awer och léieren, sech selwer, hiert Konsumverhalen an hir Roll an eiser Gesellschaft kritesch ze hannerfroen. Hinne soll bewosst ginn, datt heiansdo e klenge Geste duergeet, fir Grousses ze erreechen; ëmmer nom Motto „solidaresch sinn – Verantwortung iwwerhuelen – sech engagéieren“.
Ofschlossfeier Josy Helps!
Concours UPCYCLING
Journée de la solidarité 2019
Student exchange LUXEMBOURG-INDIA
WORKSHOP “BDen, Comics a Videoen zum Thema Nohalteg Entwécklung selwer entwerfen”
Am Kader vum Josy Helps! plange mir an deenen nächste Wochen eng Sensibiliséierungscampagne zum Thema “Nohalteg Entwécklung” bei eis am LJBM ze lancéieren. Dofir luede mir jiddereen, deen interesséiert ass, e Méinden, den 30.4., vu 14h20-16hfir e Workshop an d’Cantine an. Hei kanns du selwer aktiv ginn, déng Iddien zum Ausdrock bréngen a léiere cool a witzeg BDen, Comics a Videoen zu den ënnerschiddlechsten Themen (Offall, mam Velo an d’Schoul, Papeierverschwendung, Recycling, …) ze gestalten. Dëse Message riicht sech un 1. Stell un d’Josy-Ëmwelt-Spezialisten, mee jiddereen, deen interesséiert ass, ass wëllkomm. Wann dir nach Froen hutt, zéckt net iech ënner der E-Mail-Adress pe[at]ljbm.lu ze mellen. D’Josy Helps!-Team – 04/2018
“JOSY HELPS!”
Chefs de projet: Sandra FRATINI
Journée de la solidarité
D’„Journée de la solidarité“ 2018 – erëm e grousse Succès
Am Kader vun eisem neie Projet d’établissement „Josy Helps!“ huet en Dënschden, 27. Mäerz, vun 8h15-11h50 eis 2. „Journée de la solidarité“ statt fonnt. Iwwer 30 Organisatiounenaus den ënnerschiddlechste Beräicher hunn deen Dag am LJBM Atelieren, Konferenzen an Ausstellunge presentéiert. Donieft konnte mir och dëst Joer erëm eisen traditionellen „Charity Run“ an e „Faire Breakfast“ ubidden. Dëse méi speziellen Dag soll deene Jonken net nëmmen d’Méiglechkeet bidden e Bléck iwwert den Tellerrand ze werfen an eis Welt besser ze verstoen, mee si och léieren hiert Konsumverhalen an hir Roll an eiser Gesellschaft kritesch ze hannerfroen. Alles nom Motto: „solidaresch sinn – Verantwortung iwwerhuelen – sech engagéieren“. D’Josy Helps!-Team – 04/2018 – émission 100.7
LJBM Save our planet
Du wëlls dech gäre fir eis Ëmwelt asetzen, weess awer net richteg wéi a wou? Du géifs gären eppes fir de Schutz vun eisem Planéit maachen, mengs awer du eleng kënns näischt bewierken? Du hues vläicht esou guer e puer konkret Iddien, dir feelt awer déi néideg Ënnerstëtzung? Oder du wëlls einfach besser informéiert ginn zum Thema „Nohalteg Entwécklung“?
Mir siche Schüler, déi interesséiert wieren, zu eisen „Josy-Ëmwelt-Spezialisten“ ze ginn an un där enger oder anerer Aktivitéit zum Thema „Nohalteg Entwécklung“ deelzehuelen: Workshops, Visitten, op d’Bee setzen vun enger Sensibiliséirungscampagne a Form vu selwer gedréite Videoen, selwer entworfenen Affichen a BDen, Organiséiere vu verschiddenen Events, …
Wann s du interesséiert bass oder méi wëlls wëssen, dann komm op eist Kick-Off-Treffen dëse Freiden, 9. Mäerz, vun 10h10-11h50 am D006. D’Josy Helps!-Team – 03/2017
——————————————
E Bléck ronderem eis geet duer, fir festzestellen, datt un all Ecken Hëllef dréngend gebraucht gëtt, sief et bei eis am Lycée, am Land oder soss op der Welt.
Zanter der éischter Stonn huet ons Schoul an deem Sënn sozial Projeten initiéiert, déi etleche vun ons et erméiglecht hunn, e Bléck iwwert den Tellerrand ze werfen.
Mir wëllen an Zukunft versichen, dës vielfälteg Projeten zum engen Deel z’initiéieren an duerchzeféieren, mee zum aneren Deel och ze koordinéieren, fir e roude Fuedem an d’Organisatioun vun deenen eenzelne Projeten oder Aktivitéiten ze kréien.
Jiddereen aus eiser Schoulcommunautéit soll sech op eng einfach Art a Weis iwwert déi aktuell Organisatiounen informéiere kënnen an natierlech och säin Deel dozou bäidroe kënnen.
Beräicher, wou ee sech weiderhin engagéiere kann, ginn et der vill:
– Nohalteg Entwécklung
– Integratioun vu benodeelegte Gruppen
– Humanitär Hëllef, bei eis virun der Hausdier an a Krisegebidder
– Anhalen an de Respekt vun der Demokratie an de Mënscherechter
– Ëmweltschutz, Zivilcourage asw.
Ee wichtegen Deel vum Projet “Josy Helps!” soll et och sinn z’ informéieren an ze sensibiliséieren duerch Workshops, Visiten um Terrain, Rencontren mat Vertrieder vun ONGen an ASBLen.
Deemno de Motto vun onsem Projet:
Solidaresch sinn – Verantwortung iwwerhuelen – Sech engagéieren
BAU VUN ENGER POWERBANK MAT GREENPEACE
Ët ass de 6. Oktober, wou sech éischtmools Schüler a Proffen aus dem Lycée Josy Barthel mat Mataarbechter vu Greenpeace zesummegedunn hunn, fir eise Planéit ze retten. Nämlech ass “Save Our Project” den Numm vun der Optioun, déi et sech zur Aufgab gemaach huet, innerhalb vum dësjährëge Projet eng Solarstation ze konstruéieren.
Dës Powerbank soll dofir suergen, dass Schüler aus dem Mamer Lycée zukünfteg hiren Handy op direktem Wee mat Solarenergie oplueden kënnen.
Zu dësem Zweck hu mir eis Optioun an zwou Gruppen agedeelt: Déi eng ass den Atelier, wou den eigentleche Projet réaliséiert soll ginn, andeems d’Schüler dem Bau vun der Powerbank noginn; déi aner ass d‘Kommunikatioun, déi d’Zil huet, de Projet der Baussewelt méi no ze bréngen.
Um Projet bedeelegt sinn d‘Schüler vun der Troisème, der Deuxième an der Première, d’Proffen Jacques Pir, Théid Betz an Esther Herr, an zu gudder Lescht d‘Martina Holbach an de Fränk Tinnes vu Greenpeace, déi eis ëmmer Denkustéiss ginn a bei der Organisatioun matwierken.
Merci. 2B/3CC – BLOG