BAU VUN ENGER POWERBANK MAT GREENPEACE

Publié le 03/05/2018

Ët ass de 6. Oktober, wou sech éischtmools Schüler a Proffen aus dem Lycée Josy Barthel mat Mataarbechter vu Greenpeace zesummegedunn hunn, fir eise Planéit ze retten. Nämlech ass “Save Our Project” den Numm vun der Optioun, déi et sech zur Aufgab gemaach huet, innerhalb vum dësjährëge Projet eng Solarstation ze konstruéieren. 

Dës Powerbank soll dofir suergen, dass Schüler aus dem Mamer Lycée zukünfteg hiren Handy op direktem Wee mat Solarenergie oplueden kënnen.

Zu dësem Zweck hu mir eis Optioun an zwou Gruppen agedeelt: Déi eng ass den Atelier, wou den eigentleche Projet réaliséiert soll ginn, andeems d’Schüler dem Bau vun der Powerbank noginn; déi aner ass d‘Kommunikatioun, déi d’Zil huet, de Projet der Baussewelt méi no ze bréngen.

Um Projet bedeelegt sinn d‘Schüler vun der Troisème, der Deuxième an der Première, d’Proffen Jacques Pir, Théid Betz an Esther Herr, an zu gudder Lescht d‘Martina Holbach an de Fränk Tinnes vu Greenpeace, déi eis ëmmer Denkustéiss ginn a bei der Organisatioun matwierken.

Merci. 2B/3CC – BLOG

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.