LJBM Save our planet

Publié le 03/05/2018

Du wëlls dech gäre fir eis Ëmwelt asetzen, weess awer net richteg wéi a wou? Du géifs gären eppes fir de Schutz vun eisem Planéit maachen, mengs awer du eleng kënns näischt bewierken? Du hues vläicht esou guer e puer konkret Iddien, dir feelt awer déi néideg Ënnerstëtzung? Oder du wëlls einfach besser informéiert ginn zum Thema „Nohalteg Entwécklung“?

Mir siche Schüler, déi interesséiert wieren, zu eisen „Josy-Ëmwelt-Spezialisten“ ze ginn an un där enger oder anerer Aktivitéit zum Thema „Nohalteg Entwécklung“ deelzehuelen: Workshops, Visitten, op d’Bee setzen vun enger Sensibiliséirungscampagne a Form vu selwer gedréite Videoen, selwer entworfenen Affichen a BDen, Organiséiere vu verschiddenen Events, …

Wann s du interesséiert bass oder méi wëlls wëssen, dann komm op eist Kick-Off-Treffen dëse Freiden, 9. Mäerz, vun 10h10-11h50 am D006D’Josy Helps!-Team – 03/2017

——————————————

E Bléck ronderem eis geet duer, fir festzestellen, datt un all Ecken Hëllef dréngend gebraucht gëtt, sief et bei eis am Lycée, am Land oder soss op der Welt.

Zanter der éischter Stonn huet ons Schoul an deem Sënn sozial Projeten initiéiert, déi etleche vun ons et erméiglecht hunn, e Bléck iwwert den Tellerrand ze werfen.

Mir wëllen an Zukunft versichen, dës vielfälteg Projeten zum engen Deel z’initiéieren an duerchzeféieren, mee zum aneren Deel och ze koordinéieren, fir e roude Fuedem an d’Organisatioun vun deenen eenzelne Projeten oder Aktivitéiten ze kréien.

Jiddereen aus eiser Schoulcommunautéit soll sech op eng einfach Art a Weis iwwert déi aktuell Organisatiounen informéiere kënnen an natierlech och säin Deel dozou bäidroe kënnen.

Beräicher, wou ee sech weiderhin engagéiere kann, ginn et der vill:
– Nohalteg Entwécklung
– Integratioun vu benodeelegte Gruppen
– Humanitär Hëllef, bei eis virun der Hausdier an a Krisegebidder
– Anhalen an de Respekt vun der Demokratie an de Mënscherechter
– Ëmweltschutz, Zivilcourage asw.

Ee wichtegen Deel vum Projet “Josy Helps!” soll et och sinn z’ informéieren an ze sensibiliséieren duerch Workshops, Visiten um Terrain, Rencontren mat Vertrieder vun ONGen an ASBLen.
Deemno de Motto vun onsem Projet:

Solidaresch sinn – Verantwortung iwwerhuelen – Sech engagéieren

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes